Search

You may also like

surprise
Ass de Filmfong ee staatlecht Propagandaorgan?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ass de Filmfong ee staatlecht Propagandaorgan?

Datt de Lëtzebuerger Filmfong ganz allgemeng een dubiéise Veräin ass,

Italienesch Autoritéiten loossen d’SEA-EYE 4 fräi
International Kultur Neiegkeeten Stories

Italienesch Autoritéiten loossen d’SEA-EYE 4 fräi

Nodeems d’Séinoutrettungsschëff SEA-EYE 4 wärend dräi Méint vun den italieneschen

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch
International Kultur Neiegkeeten Stories

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Bei de Verhandlungen tëscht de jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen,

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?

Haut wäerte wuel esou munch Leit vum Feierdag profitéieren, fir auszeschlofen, den Dag mat Kollegen oder och der Famill ze verbréngen, vläicht och einfach emol seng To-Do Lëscht ofzeschaffen. Mee wisou hu mir eigentlech u Christi Himmelfaart fräi?

All Joer gëtt um 30. Mee de chrëschtleche Feierdag begaange, wëll, laut Bibel, de Jesus Christus als Jong vu Gott bei säi Papp an den Himmel zeréck gaangen ass. Dohier kënnt och den Numm Christi Himmelfaart. Et bezitt ee sech dobäi op d’Erzielungen am Lukas-Evangelium , sou wéi d’Apostelgeschicht vum Lukas an der Bibel. Donieft gëtt d’Fest ëmmer 39 Deeg nom Ouschtersonndeg, bezéiungsweis 10 Deeg viru Péngschten zelebréiert.

Fir genau ze sinn gëtt beschriwwen, datt de Jesus vun Nazareth no senger Kräizegung an der Operstéiung no 40 Deeg zu senge Jénger geschwat huet. Virun hiren Aen ass hie schliisslech erschéngt a gouf vun de Wolleken an den Himmel opgeholl. Mat dëser symbolescher Erzielung soll de Wee zu Gott fir all Mënsch gewise ginn.

An den éischten dräi Joerhonnerte war et normal, datt een d’Fest, duerch déi enk Verbindung vun der Operstéiung an der Geeschtessendung, zesumme mat dem Péngschtfest gefeiert huet. Am Laf vum 4. Joerhonnert huet sech Christi Himmelfaart allerdéngs als eegestännegt Fest duerchgesat.

Wien elo net esou chrëschtlech gestëmmt ass, an awer eppes erliewe wëllt, fir deen hu mir verschidde Virschléi, wéi ee säi fräien Dag verbrénge kéint.

  • Landjugenddag 2019 zu Manternach (Centre Beaurepaire)
    09:30 Auer Jugendmass an der Kierch zu Berbuerg mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
    Duerno Éierewäin, zerwéiert vun der Gemeng Manternach
    12:00 Auer: Startschoss vum Rallye Pédestre
    Concerten, Kanneranimatioun, Sprangschlass a villes méi
    Ab 21:00 Auer: Präisverdeelung
    Duerno: Bal mam DJ Giant (gratis Entrée)
    www.manternach.lu
     
  • D’Woch vun der Woll an der Robbesscheier
    Vun 10:00 bis 17:00 Auer
    1, Frummeschgaass zu Munzen
    www.robbesscheier.lu
     
  • Visitt vun der Koffergrouf zu Stolzebuerg
    Eng guidéiert Visitt vum Musée, dem geologesche Pad an den ënnerierdesche Gallerien
    Dauer: 2-3 Stonnen
    Départ: Musée „Koffergrouf“ (5A, Haaptstrooss, Stolzebuerg)
    www.stolzembourg.lu

 

Related topics Christi Himmelfaart, Jesus, Koffergrouf, Landjugenddag 2019, Robbesscheier, Stolzebuerg, What the Fakt
Next post Previous post