Search

You may also like

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?
Neiegkeeten

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass

Commemoratiounszeremonie zu Auschwitz-Birkenau – 75 Joer ass et hir…
Neiegkeeten

Commemoratiounszeremonie zu Auschwitz-Birkenau – 75 Joer ass et hir…

Op Invitatioun vum Musée Auschwitz-Birkenau hu S.A.R. de Groussherzog Henri

Muss sech d‘LSAP erneieren?
Neiegkeeten

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen

Haut scho gelaacht an de Serotoninspigel an d’Luucht gedriwwe? Ma da gëtt et héich Zäit! Säit 1999 gëtt dëse kuriose Feierdag mat flexibelem Datum weltwäit gefeiert.

Grënner vum Laach-Dag ass den US-amerikanesche Grafiker Harvey Bell. 1963 hat hien nämlech säin Entworf vum schwaarz-giele Smiley fir eng Reklamm vun enger Versécherung designt. Ziel vun der Campagne war et, d’Personal vum Betrib ze motivéieren a glécklech ze maachen.

Gläichzäiteg hat de Grafiker awer och dat wuelbekannt Symbol geschaaft, wat haut als Botschafter fir Monterkeet steet.

De Bell hat leider vergiess ee Patent unzemellen an huet esou just 45US Dollar um Smiley verdéngt. Trotzdeem huet hie spéider d’World Smile Corporation gegrënnt, déi den Erléis vun de verkaafte Smiley-Produkter u Kannerhëllefsorganisatioune spent, an dat och nach no sengem Dout 2001.

Wien laacht, lieft méi gesond!

Laache befreit eis vu Stress, Angscht a Roserei. Doniewent ginn och eng Rei Muskelen ugespaant an d’Immunsystem gëtt gestäerkt. Dir gesitt also, datt ee Laache souwuel physesch, wéi och geeschteg Virdeeler mat sech dréit. Hei sinn 5 weider Grënn fir haut méi ze laachen:

  1. Laache mëscht glécklech: d’Gehir schëtt Gléckshormoner aus a léist een selwer, sou wéi och d’Matmënsche méi euphoresch sinn
  2. Et stäerkt d’Immunsystem: Laache stäerkt kierpereegen Ofwierkräft a léist eis sou manner oft krank ginn
  3. Laache mëscht schlank: 10 Minutte vun dësem speziellen Training verbrennt ongeféier 50 Kalorien an spaant d’Bauchmuskelen uerdentlech un
  4. D’Attraktivitéit geet an d’Luucht: Duerch den erhéichte Sauerstoffpegel gëtt d’Haut besser duerchblutt a gesäit schéin a gesond aus
  5. Et mëscht beléift: Humor ass den éischte Kritär fir Beléiftheet. Mënschen, déi vill laachen, gi generell besser bewäert a kréien anscheinend och eng besser Paie duerch hiert frëndlecht Optrieden

Quellen:

Related topics Harvey Bell, Laachen, Smiley, What the Fakt
Next post Previous post