Search

You may also like

Éischt Sëtzung beim Mediateur
Neiegkeeten

Éischt Sëtzung beim Mediateur

Well sech d‘Direktioun vun der Cargolux strieft senge Mataarbechter e

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn
Neiegkeeten

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn

No der Period vum Confinement komme wirtschaftlech Froen op. Enn

D’Eschduerfer Biergcourse fält an d’Waasser
Neiegkeeten

D’Eschduerfer Biergcourse fält an d’Waasser

D’Union des Pilotes huet leider misse bekannt ginn, datt si

What the Fakt – Den Dag vun der Liewenszäit

What the Fakt – Den Dag vun der Liewenszäit

Um Kalenner vun de kuriose Feierdeeg fënnt een haut den amerikaneschen Huel-dir-deng-Zäit-zeréck-Dag (engl.: Take Back Your Time Day). Et ass een Dag ganz am Zeeche vun eiser Liewenszäit.

Et ass scho bal kloer, datt an der westlecher Gesellschaft deelweis ze vill geschafft gëtt. Mat dësem speziellen Dag soll genau op dëse Problem opmierksam gemaach ginn. Experten a Soziologe weisen hei op déi gewëssen Zäitaarmut hin. Dës Tatsaach bréngt leider eng Rei negativer Auswierkunge mat sech, sou wéi beispillsweis Stress, den sech mat der Zäit d’Gesondheet ugräift.

De Feierdag gouf gegrënnt vum US-amerikanesche Simplicity Forum. De Grupp ass 2001 an d’Liewe geruff ginn, besteet aus Akademiker, Auteuren, Educateuren, Kënschtler, an Aktivisten déi sech drëm beméien einfach an nohalteg Strategien zum Alldags- a Schaffliewen ze entwéckelen.

Och den Datum ass net zoufälleg gewielt. Enger Etüd no schafft all US-Amerikaner genau 9 Wochen d’Joer ze vill. De 24. Oktober, den genau 9 Woche virum neie Joer ass, gëllt also symbolesch fir dëse Fakt.

Stress ass eng Funktioun vum Kierper, déi eisen Organismus zu Héchstleeschtunge brénge soll. Bei Geforen oder Angscht steigt de Bluttzockerspiggel, et gëtt Cortisol an Adrenalin ausgestouss an d’Häerz- an Otemfrequenz steigt un. Esou Liewensgeféierlech Situatioune ginn et hautdesdaags awer net méi all ze oft, de Stress gëtt éischter a leider och ze oft vun eisem soziale Liewen an der Aarbecht ausgeléist.

Duerch den héijen Bluttdrock klëmmt de Risiko een Häerzinfarkt oder ee Schlag ze kréien, mee och Diabetis kann esou provozéiert ginn. Mat dem schnelle Bols riskéiert een Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen an duerch. Mam Dauerstress kënnen dann och geféierlech Moschwieren entstoen.

A ganz éierlech, ass de Stress et wäert? Zäit mat der Famill a fir sech selwer ass am Endeffekt dach vill méi wichteg, wéi een decke Konto. Mam ganze Stress kann een d’Sue souwisou net ausgesinn 😉 Zu ärer Entspanung kéint vielläicht dat hei hëllefen:

Quellen:

Related topics Aarbechtszäit, Burn-Out, Fräizäit, Stress, What the Fakt
Next post Previous post