Search

You may also like

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen
Neiegkeeten

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen

An der Regioun Grand Est, war en et déi Diddenuewener,

Zoff zu Hong Kong
Neiegkeeten

Zoff zu Hong Kong

De Staatsrot zu Peking huet esou lues d‘Nues voll mat

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

Hien ass ee Regisseur den säi Publikum an Angscht viru Katastrophen erziddere léisst. De Roland Emmerich, ee vun de bekanntste Filmemacher um Planéit. Ee Grond méi, dësem talentéierte Mann fir säi Gebuertsdag ze gratuléieren!

Um 10. November 1955 gëtt den Emmerich zu Stuttgart gebuer an huet schonn als Jugendlechen ee Stage beim Süddäitsche Rundfunk gemaach. Kuerz drop fänkt hie säi Studium un der Münchener Héichschoul fir Film a Fernseh am Beräich Zeenographie un, entscheet sech awer spéider fir Regie. Wärend sengem Studium mécht hie mam Drama „Franzmann“ op sech opmierksam. Am Film geet et ëm ee jonke Mann, den sech zur Zäit vum Nazi-Däitschland entscheede muss Frankräich ze verloossen oder d’Familljenentreprise weider ze féieren.

Mam folgende Film „Das Arche Noah Prinzip“ huet den Emmerich seng ganz Méiglechkeeten ausgeschöpft fir 1,2 Milliounen D-Mark opzedreiwe fir dëse Schoulprojet. Schonn deemools leet hie vill Wäert op immens Effekter, déi natierlech och vill kascht hunn. An engem internationale Concours gewënnt de jonke Kärel souguer ee Präis mat dësem Film.

Och Hollywood ass op de jonke Regisseur opmierksam ginn an huet en engagéiert. Säin absoluten Duerchbroch huet hie mam Science-Fiction-Film „Universal Soldier“, mam Jean-Claude Van Damme an Dolph Lundgren erlieft.

Godzilla, Der Patriot, The Day After Tomorrow an Independence Day si just e puer vu senge bekanntste Wierker, déi oft vu risege Katastrophen, mee och vum Courage, déi drohend Vernichtung ze iwwerwannen, handelen.

Mat „2012“ huet de Regisseur eis all fäerte gedoen. Op ee wollt oder net huet een insgeheim awer gehofft, datt de Majakalenner onrecht huet an d’Endzäit nach net kennt. De Blockbuster, den 2009 erauskoum, erzielt d’Geschicht vum Ënnergang vun eiser Welt. Fuerscher fannen eraus, datt eisem Planéit schwéier Naturkatastrophë bléien a sou ginn Archen gebaut, fir de Fortbestand vu Mënsch an Déier ze sécheren.

D’Fans kënnen sech fir dat nächst Joer scho freeën! Den 8. November 2019 soll de Film „Midway“ ënnert der Regie vum Roland Emmerich an de Kino kommen. Et ass eng wouer Geschicht, déi de Krich ëm d’Midway-Inselen erzielt, an een Zaldot den vir eng Wendung am Pazifikkrich suergt.

Foto: © IMDb

Quellen:

Related topics 2012, Film, Gebuertdag, Godzilla, Independence Day, Regisseur, Roland Emmerich, What the Fakt
Next post Previous post