Search

You may also like

Dem Raold Dahl säi Gebuertsdag – Mat Fantasie vun a fir Kanner
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dem Raold Dahl säi Gebuertsdag – Mat Fantasie vun a fir Kanner

Um haitegen Dag hätt den nawell berüümte britteschen Schrëftsteller Raold

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien
International Kultur Neiegkeeten Stories

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien

Enn Juni huet sech de Kultur- a Bildungscomité vun der

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert
International Kultur Neiegkeeten Stories

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

An der leschter vum STATEC verëffentlechter Etüd geet ervir, datt

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht vun der Fernsehwelt erbléckt: d’Sendung mat de Lach- a Sachgeschichten ass bis haut vun all Kand gäre gesinn an erfëllt duerch spannend Äntwerten op d’Froe vum Alldag duerch de bekannten Erzielstil vum Armin Maiwald säin edukativen Zweck.

„Kléngt komesch, ass awer esou“, wien dëse Saz héiert weess direkt ëm wat et geet an héiert am Hannerkapp dat kullerescht Aenzwinkeren vun der oranger Fernseh-Maus. Scho säit bal 50 Joer erkläert dëst bekanntent Déier, wat diverst Geschir an der Bauchtäsch verstoppt, säin eegenen Timber huet an och schonn am Weltraum war, Kanner an Erwuessenen déi ganz Welt. D’Sendung selwer feiert dobäi haut säi Gebuertsdag, d’Maisschen ass dann an dräi Deeg drun fir d’Käerzen um Kuch auszeblosen.

All Sonndeg verfollege ronn 1,6 Millioune Leit virum Fernseh des Sendung vum Westdäitsche Rundfunk (WDR) an hunn mat de Joren d’Maus als däitsch Kultfigur a Sympathieträger an d’Häerz geschloss. D’Fernsehdirektesch vum Sender, d’Verena Kulenkampff erkläert: „D’Sendung ass méi, wéi just ee Fernsehprogramm. Si ass eng staark Mark, steet fir eng eege Philosophie. De WDR ass houfreg op d’Sendung an d’Figur.“

Sendung mit der Maus

Den Armin Maiwald beim 40. Gebuertsdag vun der Maus © Kika

All Ufank ass schwéier

An der éischter Zäit huet d’Sendung mat de Lach- a Sachgeschichten immens vill Kritik kritt. Den Armin Maiwald selwer krut oft genuch ze héieren, datt déi onkommentéiert Geschichten d’Kanner sproochlos maachen. Donieft wier et och schlëmm, datt d’Sendung genau zur Zäit vun der klassescher Mass leeft. D’Umierkunge goufe vum WDR awer konstruktiv ëmgesat an esou huet schonn no der zweeter Staffel de Maiwald ugefaangen, d’Geschichten aus dem Bauch eraus ze kommentéieren.

Mëttlerweil hu sech déi simpel, mee immens léierräich Erklärungen een onbegrenztent Vertraue bei den Elteren erspillt. Mam renge Wiese vun der Maus ginn d’Kanner positiv mat Wësse gefiddert an esou entwéckelen si och selwer d’Verlaangen Informatiounen aus diverse Beräicher gewuer ze ginn. Esou huet d’Sendung mat der Maus fir all Alter eppes ze bidden: Wou déi ganz kleng Butzen sech am meeschte fir déi léif orange Figur interesséiere kucken déi bëssi méi eeler Kanner gären d’Zeechentrickfilmer. Am Alter vu 5 bis 6 Joer entsteet schliisslech den Interessi fir d’Sachgeschichten.

An egal wat säit 1971 an der Welt geschitt ass – d’DDR, de Mauerfall, d’RAF, d’Teletubbies, den Internet,… – d’Maus konnt all dës Evenementer iwwerliewen a leeft, egal wat geschitt, all Sonndeg Moien um 11:30 Auer.

D’Maus kritt déieresch Kollegen

Am Joer 1975 an 1987 koum de bloen Elefant an déi léif Int mat an d’Ekipp an sinn bei 3.600 Laachgeschichten am Archiv ze fannen. Mat vill Afaalsräichtum a witzegen Iddie léisen si stomm an op hir eegen Aart a Weis verschidde Problemer, sou datt d’Kanner virun der Televisioun een deckt Grinsen an d’Gesicht gezaubert kréien.

D’Figur vun der Maus ass vun der Zeechnerin Isolde Schmitt-Menzel erfonnt ginn, d’Maus an d’Int sinn d’Wierk vum Friedrich Streich. Laang Zäit gouf mam WDR gestridden, wien d’Rechter un de Männercher huet. An trotzdeem huet dëse Sträit den Erfanner d’Léift zu hiren Déiercher op der Tele net verréngert. Mat hirer Zesummesetzung aus wéinege Strécher bleiwen si, trotz dem Alter, ëmmer modern.

Sendung mit der Maus

Wéi kommen d’Lächer an de Kéis? Wat geschitt, wann Ameise vum Héichhaus falen? A wéi kommen iwwerhaapt déi faarweg Sträifen an d’Zahnpasta? Bei esou clevere Froe vun de Butze wëssen d’Elteren sech oft net ze hëllefen – si selwer wiere schliisslech ni drop komm, esou eppes ze froen. A genau dës Froe kommen zu Dausenden all Woch beim Sender eran, d’E-Mailen emol ausgeschloss. Schlussendlech mussen och d’Leit vum WDR sech dann un d’Recherche setzen an d’Léisung esou einfach erklären, datt jiddwereen et versteet.

Eigentlech hätt d’Maus keng Maus solle sinn

Et kann ee sech et kaum virstellen, mee vir d’Sendung stoungen nach aner Comicfiguren zur Auswiel. Esou hätt de WDR sech bal fir een Nilpäerd entscheet, d’Decisioun vun der Redaktioun ass awer schliisslech op d’Maus gefall. An esou kënne mir eis och haut nach iwwert „Sendung mit der Maus“ freeën. A wann dir emol op eppes keng Äntwert fannt, da frot dach einfach déi orange Maisschen!

Quellen:

Related topics Armin Maiwald, Elefant, Lach- und Sachgeschichten, Sendung mit der Maus, WDR, What the Fakt
Next post Previous post