Search

You may also like

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt

Well d‘Tierkei net agesäit firwat se deiert US-Material kafe sollt,

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!

Wann anzwousch bis de Wuerm dran ass, da gëss de

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of

Um Europadag, deen onbemierkt zu Stroossbuerg gefeiert gouf, huet de

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

Déi schwedesch Automark „Volvo“ steet och nach haut fir Sécherheet a Komfort. Déi grouss këschteg Autoen iwwerzeegen dobäi duerch vill Plaz an héichwäerteg Qualitéit.

Bei engem einfachen Iessen haten sech déi spéider Grënner Gustaf Larson an Assar Gabrielsson iwwert hir Visiounen ënnerhalen. Dobäi ass erauskomm, datt béid Männer scho laang vun enger eegener Automobilfabrik dreemen. Schnell waren déi Zwee sech eenzeg, an esou ass d’Firma Volvo gegrënnt ginn. Nodeems hinnen all Versuch mëssgléckt ass, vir Investore vun hire Projeten ze iwwerzeegen hu si schliisslech decidéiert 10 Testautoen ze baue, fir esou eppes Gräifbares presentéieren ze kënnen.

Dës Strategie schéngt opgaangen ze sinn: 1927 ass d’Automark, déi haut zum chineseschen Hiersteller „Geely“ gehéiert, offiziell gegrënnt ginn. Den Numm „Volvo“ kënnt dobäi aus dem Laténgeschen „volvere“, wat sou vill bedeit wéi „ech rullen“.

Um 14. Abrëll vum Grënnungsjoer rullt den éischte Serienauto vu Volvo aus dem Wierk zu Lundby. Den oppene Won ÖV4 huet dobäi 4 Zylinder, 28 PS an eng Karosserie aus Holz a Blech. D’Gefier ass et just am Däischterbloe mat schwaarze Kotfliggele ginn. Bekannt ass de Volvo ÖV4 ënnert sengem Spëtznumm „Jakob“. Am Ganzen si vun 1927 bis 1929 ganzer 275 Gefierer vun dësem Modell gebaut ginn.

volvo

Dem ÖV4 säin Nofolger: de PV4 © Volvo

Am selwechte Joer koum am Summer d’Limousine PV4 op de Maart. Besonnesch waren hei d’Sëtzer, déi ee bequem zu engem Bett fir zwou Persounen ëmklappe konnt. No ville weidere Modeller ass am Joer 1949 de Volvo PV445 erauskomm, den Äusserlech schonn dem haitege Gefier ganz no kënnt. D’Produzenten ënnersträichen, datt si vun Ufank un op héich Qualitéit gesat hunn, wouduerch si sech souwuel Laangliewegkeet wéi och Sécherheet erhofft hunn. Och haut gëtt de Volvo als schwedesche Panzer nach ëmmer geschat!

Opmaacherbild: Den ÖV4 © Volvo

Related topics Auto, ÖV4, schwedesche Panzer, Volvo, What the Fakt
Next post Previous post