Search

You may also like

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?

Nach ni ass op der Welt esouvill Geld an d‘Rëschtung

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

read-y: Déi nei digital Bibliothéik fir Schüler
International Kultur Neiegkeeten Stories

read-y: Déi nei digital Bibliothéik fir Schüler

Zesumme mat der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) an der Ënnerstëtzung vu

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!

Mir schreiwen den haitegen Dag am Joer 1840. Bekannt ënnert dem Numm One Penny Black kënnt a Groussbritannien den éischten Timber eraus. A schwaarzer Faarf, dem Profil vun der Kinnigin Victoria a mat engem Nominalwäert vun engem Penny – dohier den Numm – huet eng nei Phas an der Geschicht vum Bréifverkéier ugefaangen!

D’Aféierung vum Timber huet zur britescher Postreform gehéiert, déi de Rowland Hill ageleet huet. Ab dësem Zäitpunkt war et um Ofsender, fir d’Verschécke vun de Bréiwer ze bezuelen. A vir dëst Reform kreativ ëmzesetzen huet dat britescht Schatzamt ee Concours lancéiert, fir Iddie fir d’Gestaltung ze sammelen. Ganzer 1000 Virschléi sinn refuséiert ginn. Eraus koum de schwaarzen Héichkant-Timber mam Wuert „Postage“ ganz uewen, ënnen drënner der Queen hire Kapp am Profil an uschléissend de Wäert „One Penny“. Ronderëm gesäit een niert dem zouene Kader nach eng méi verschnörkelt an dekorativ Rumm.

Iwwert 68.000.000 Timbere sinn zu dëser Zäit gedréckt ginn, woubäi den alleréischten Entworf a rouder Faarf gehale war. Heibäi konnt een d’Entwäertung am selwechte Faarftoun allerdéngs net gutt erkennen an einfach mam Fanger ewech reiwen. Esou huet ee sech fir déi schwaarz Versioun entscheet. Bis haut droen déi britesch Timbere keng Lännernimm, dofir awer eben d’Profil vum jeeweilege Staatschef oder Herrscher.

timber

Ee Bléck an d’Vergaangenheet

Säit der Antik war et ëmmer um Empfänger, fir de Porto vum Bréifverkéier ze bezuelen, nodeems d’Schrëftstéck per Schëff oder Päerd ukomm ass. Dëse System huet allerdéngs eng Rei Problemer mat sech bruecht, schliisslech huet net all Bierger déi néideg Suen an der Täsch gehat.

Zu Paräis hat schlussendlech de Jean-Jacques Renouard de Villayer am Joer 1653 d’Iddi ee Stéck Pabeier un de Bréif ze bannen, den de Präis fir d’Verschécke festleet. Gutt 27 Joer méi spéit huet d’London Penny Post de Präis duerch ee Stempel festgeluecht, ier et zum éischte richtegen Timber komme sollt.

Vu Rousen an Timberen

An Zesummenaarbecht mat der Sektioun Walfer, der Asbl Cercle Philatélique Walferdange an der Gemeng Walfer huet d’Asbl Patrimoine Roses pour Luxembourg zum fënnefte Gebuertsdag zur Ausgab vum Timber „Rosa Walferdange“ am Februar hir nei Modeller un Timbere presentéiert.

Timber

© Martine de Lagardêre/moien.lu

Den Timber ass eng Sonnereditioun, mat engem Wierk vum Kënschtler Johan de Crem vun 2018. Um Stempel, dee bei esou Editioune Flicht ass, huet d‘Charlie Diswiscour d‘Rous kreéiert. Rousen an Timbere gehéieren einfach zum kulturelle Liewen am Land, och wann et engem net ëmmer direkt an d‘Ae spréngt. An dobäi ass dëst Motif souwuel bei Jonk, wéi och bei eelere Persoune beléift!

Related topics Bréiwer, Groussbritannien, One Penny Black, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Timber, What the Fakt
Next post Previous post