Search

You may also like

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten
International Kultur Neiegkeeten Stories

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten

Op mat oder ouni elektreschem Hëllefsmotor, Vëlo fueren ass gesond

Päischtcroisière war gëschter… muer flitt den Tourist an de Weltraum
International Kultur Neiegkeeten Stories

Päischtcroisière war gëschter… muer flitt den Tourist an de Weltraum

Dir hutt d‘Welt scho gesinn a si huet kaum nach

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
International Kultur Neiegkeeten Stories

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!

Trotz konservativem Däitschland um Ufank vun den 80er Joer hu sechs Frënn aus Düsseldorf sech dozou entscheed, eng wëll Punkrock-Band ze grënnen. Déi legendär Grupp vun den Toten Hosen war gebuer! An hirer Heemechtsstad dierfen si allerdéngs net optrieden, wouduerch den Ufank vun hirer immenser Karriär den 11. Abrëll 1982 am Bremer Kulturzentrum „Schlathof“ säi Laf hëlt.

Deemools nach ganz onbekannt gëtt de Grupp mam Numm „Toten Hasen“ – et sollt wuel de schéinsten Tippfeeler vun der Geschicht ginn – ugekënnegt, woubäi de Bühnenopbau schliisslech méi laang gedauert huet, wéi de Concert selwer. De Sänger Campino erennert sech: „Et war ganz, ganz chaotesch am Ufank. Kaum een Optrëtt huet méi wéi 20 Minutte gedauert. Spéitstens dunn war de Walter an d’Batterie oder d’Gesangsanlag gesprongen an alles war freckt.“ Dem Publikum sollt de klenge Feeler am Numm, sou wéi de kuerzen Optrëtt awer egal sinn an esou hu knapp 200 Fans sech zu Bremen afonnt.

Mat nëmmen dräi Accorden hunn déi däitsch Rocker hire Repertoire opgebaut, wouduerch si no engem Joer scho 15 kuerz a schnell Songs um Debutalbum „Opel-Gang“ zesumme gekraazt haten. Heimat hunn déi doudeg Boxe schliisslech dierfe queesch duer Däitschland touren, mee och Polen, Ungarn,d’ Tschechoslowakei a Skandinavien net laang op sech waarde gelooss.

toten hosen

D’Band mat hirem legendären Opel-Blitz

Säit den 80er esou ee Kaméidi!

Entweder huet een déi däitsch Band guer net ausstoe kënnen oder et huet een d’Museker mat vollem Häerz veréiert. D’Medien haten sech dobäi fir Éischteres entscheet an hunn d’Melodien an de Gesang vun den Punk-Huesen als ellene Kaméidi ofgestempelt.

D’Toten Hosen sinn am Joer 1982 vum Campino, Michael Breitkopf, Andreas vun Holst, Andreas Meurer, Walter November an Trini Trimpop an engem Düsseldorfer Punk-Café an d’Liewe geruff ginn. No hirem éischte Concert a wärend dem Ophuele vun der „Opel-Gang“ war de Sänger Campino grad emol mat sengem Schoulofschloss amgaangen. Trotzdeem ass „Eisgekühlter Bommerlunder“ am Radio erop an erof gerattert. Hire Vertrag mam Label EMI sollt vu genau esou kuerzer Dauer sinn, wéi hir éischt Lidder. Als kleng Protestaktioun dorobber hu si schliisslech bei hirem zweeten Disk „Unter falscher Flagge“ de Logo vum ale Label geholl an et als Skelett virun engem Grammophon setze gelooss.

toten hosen

De Campino 1986

Den Numm „Die Toten Hosen“ solle si iwweregens ausgewielt hunn, fir datt d’Fans sech net beschwéieren an hir Suen zeréck verlaange sollte, falls beim Concert emol „tote Hose“ sollt sinn. A wa mir scho bei der Namensgebung sinn: de Sänger Campino huet säi Spëtznumm schonn als jonke Schüler kritt, wëll hien ëmmer mat Séissegkeeteschluechten am Klassenzëmmer, mat Kamelle vun der Mark „Campino“ opfälleg ginn ass.

Bal 40 Joer Punkgeschicht!

Sollte bei den éischte Concerte just wéineg Fans mat dobäi sinn, esou si mëttlerweil hir Toure bal ausverkaaft. Esou gehéieren d’Hosen zu Düsseldorf, wéi den Alt oder de Rhäin. De kommerziellenD Duerchbroch hat d’Band 1988 mat der LP „Ein kleines bisschen Horroschau“, op der ënnert anerem eent vun hiren erfollegräichste Lidder „Hir kommt Alex“ drop ze fannen ass.

Mëttlerweil besteet d’Band aus 5 Huesen: dem Campino, dem Andreas vun Holst un der Gitar, dem Micheal Breitkopf un der Gittar, dem Andreas Meurer um Bass an dem Von Ritchie op der Batterie. Dobäi sinn si wärend de 37 Joer am Geschäft hirer Kreativitéit trei bliwwen a schaffen aktiv un all Lidd an Text mat. Esou sinn säit 1982 iwwer 20 Alben a legendär Klassiker entstanen, déi och net-däitschsproocheg Fans feelerfräi matsange kënnen.

© Bastian Bochinski

Virun allem bei hirem leschten Album „Laune der Natur“ konnte si mat enger bal ausverkaafter Tour punkten a gehéieren och no sou ville Joer zu de beschten däitsche Punk-Rock-Bands! A sollt et emol net méi lafen, da kann ee just soen: „ Steh auf wenn du am Boden bist!“

Related topics Band, Bremen, Campino, Die Toten Hosen, Düsseldorf, Hier kommt Alex, Punk Rock, What the Fakt
Next post Previous post