Search

You may also like

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?
International Neiegkeeten Stories

Covid19: Wéi gesäit et bei eise belschen Noperen aus?

D‘Mesuren déi vun der belscher Noutstandsregierung ënnert der Leedung vum

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
International Neiegkeeten Stories

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19
International Neiegkeeten Stories

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19

D‘Zäite wieren haart, an se géifen nach eng Grëtz méi

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!

Um Enn vum 19. Joerhonnert ware kaum nach wëll Déieren an Afrika ze fannen. Am ganze Bluttrausch hunn d’Jeeër den eescht vun der Lag bemol aus den Ae verluer, wouduerch d’Parlament vun der Republik Transvaal sech entscheet huet, dat éischt Wëlldéieren-Schutzreservat ze grennen. Dräi Joer méi spéit, um 26. Mäerz 1898 huet den deemolege südafrikanesche President Paul Kruger dëse Plang ëmgesat.

Afrika kann ee sech bal net virstellen ouni d’Diversitéit u wëllen Déieren. Wien emol d’Mëttelmier iwwerschreit, den plangt um afrikanesche Kontinent sécherlech eng Safari an d’Vakanz mat an, woubäi dëst viru Joeren quasi net méi méiglech gewiescht wier. Fir déi wëll Déieren an der Regioun ze protegéieren ass haut virun 121 Joer offiziell de Sabi Sands Game Reserve opgeruff ginn.

Den éischte Ranger an dësem Gebitt war deemools de Schott James Stevenson-Hamilton, den ab 1902 Braconniere verdriwwen huet. Ouni Zong huet hien zesumme mat 35 weidere Persounen eng Zon an der Gréisst vun der Belsch beschützt, wat ee wuel net fir näischt als ausseruerdentlech Leeschtung betitele sollt!

Zur Zäit, wou den Stevensons-Hamilton ugefangen hunn, konnte knapps 25 Elefanten am Reservat gezielt ginn. Mëttlerweil ass dës Zuel bis op méi wéi 17.000 geklommen. Duerch seng Léift zu den Déieren an säin engagéiert Handelen a Saachen Déiereschutz huet hie schliisslech d’Parlament vu Südafrika opgefuerdert, aus dem Reservat ee richtegen Nationalpark ze maachen, deen dann den Numm Kruger-Nationalpark droe sollt.

reservat

D’Reservat haut

Wien Afrika als Vakanzendestinatioun auswielt sollt och d’Sabi Sands Game Reservat net vergiessen. Nach ëmmer ass d’Land am Besëtz vun den originale Famillen, déi scho bei der Grënnung vum Schutzreservat fir wëll Déieren dobäi waren. Doduerch ass d’Gebitt schonn an der drëtter oder souguer véierter Generatioun vu Landbesëtzer.

Mëttlerweil trennt een de Sabi Sands Game Reservat vum Kruger-Nationalpark, wat am Joer 1961 un diverse Krankheete vun den Déieren an d’Juegd vu Braconnieren, déi hir Aarbecht illegal verriichte wollten, geleeën huet. Ab 1993 konnt den Zong allerdéngs nees ewech geholl ginn, wouduerch d’Déieren sech elo fräi duerch béid Reservater beweege kënnen.

Op enger Fläsch vu 650 km² fënnt sech eng immens Diversitéit u wëllen Déieren, woubäi och d’Biodiversitéit vum Land am Virdergrond steet. Am Gebitt hunn zuelräisch Liewewiesen een neit doheem fonnt, dorënner déi sougenannt Big Five (Léiw, Leopard, Büffel, Elefant a Rhinozeros), sou wéi och aner Spezies wéi beispillsweis de Kudu, d’Zebra oder d’Hyäne. Mee dat sinn elo just e puer vun iwwer 200 verschiddenen Zorten, déi een am Reservat gesi kann.

Related topics Afrika, Big Five, Braconnage, Déierereservat, Déiereschutz, Sabi Sands Game Reserve, Safari
Next post Previous post