Search

You may also like

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran
Neiegkeeten

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran

Wann sech haut an der éisträichescher Haaptstad d‘Delegatioune vum Iran

money
Fransousen opgeruff Amazon ze boykottéieren
Neiegkeeten

Fransousen opgeruff Amazon ze boykottéieren

Bei eise franséischen Nopere sinn d‘Geschäfter zou. Vum Coiffeur iwwert

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit
Neiegkeeten

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch huet vergaangenen Dënschdeg de

What the Fakt – 1958 gouf den éischten Häerzschrëttmécher agesat

What the Fakt – 1958 gouf den éischten Häerzschrëttmécher agesat

Et ass scho bal eng medezinesch Revolutioun: Den 8.Oktober 1958 konnt fir éischt Kéier engem Mënsch erfollegräich een Häerzschrëttmécher an de Kierper transplantéiert ginn. Domat konnt de Patient ganzer 44 Joer méi vu sengem Liewe genéissen.

Schonn an den 30er Joer gouf den éischten Häerzschrëttmécher entwéckelt. Den Apparat huet awer 7 Kilogramm gewien a war ausserhalb vum Kierper duerch Elektrode mam Häerz verbonnen. Och Akkue waren zu der Zäit net esou wäit fortgeschratt a sou misst en all sechs Minutten nei opgeluede ginn.

1958 huet de schwedeschen Häerzchirurg Ake Senning engem 43 Joer ale Patient een Häerzschrëttmécher erfollegräich an de Kierper agesat. De Mann, den un engem AV-Block an u kuerzen Häerzstëllstänn gelidden huet, misst bal 30 Mol den Dag zeréck belieft ginn an hat esou een enorm erschwéiert Liewen.

An enger Operatioun hunn Dokteren him den Apparat am Bauchraum agesat an d’Elektroden direkt un dat muskulärt Huelorgan ugebutt. No wéinege Stonnen huet déi nei Technik versot a gouf nei agesat. Leider huet dësen Häerzschrëttmécher no enger Woch ëmmer méi schwaach Impulser ofginn. Am Dezember 1958 hunn Doktere schliisslech opgehalen den Apparat opzelueden.

wtf häerz

© Deutsches Museum München

Dräi Joer méi spéit koum de weider entwéckelte Modell EM 137 eraus an huet d’Häerz vum Patient mat enger konstanter Frequenz vu 75 Impulser pro Minutt versuergt. Insgesamt krut de Mann 22 verschidden Häerzschrëttmécher agesat, wouduerch seng Liewenserwaardung wäit an d’Luucht gedriwwe gouf.

Quellen:

Related topics Häerz, Häerzschrëttmécher, Medezin, Technik, What the Fakt
Next post Previous post