Search

You may also like

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019
International Kultur Neiegkeeten Stories

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019

Am kulturelle Beräich hu sech déi lescht Méint vun der

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?

An enger laanger Usprooch op der Tëlee, huet de Generol

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange
International Kultur Neiegkeeten Stories

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange

D’Partei vun den europäesche Lénken an déi Lénk verlaangen dat

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn op den Dag genau 297 Joer, datt den Hollänner Jakob Roggeveen d’Insel am Südpazifik entdeckt an hier den Numm „Ouschterinsel“ ginn huet. Esou ongewëss d’Betriede vun der Insel deemools war, esou frou ass een haut iwwert déi divers Entdeckungen, wéi beispillsweis déi impressionnant Moai-Statuen.

Et war net iergendee Sonndeg, mee och nach grad Ouschtersonndeg, wou bei der Expeditioun bemol eng Insel opgedaucht ass, an dat ronn 4.000 Kilometer vum haitege Chile ewech. Duerch dëse speziellen Dag hunn d’Séileit sech dozou entscheet, d’Fläch am Mier op den Numm „Ouschterinsel“ ze deefen. Seng polynesesch Bewunner, iwwert déi och nach haut gerätselt gëtt, sinn Rapa Nui genannt ginn.

© Makemake

Eigentlech ware si op der Sich nom sougenannten terra australis incognita, ee grousse Kontinent, dee Geographe scho virun honnerte Joren op der Südhallefkugel vermutt hunn. Um Stierfbett hat de Jakob Roggeveen sengem Papp versprach, alles dorunner ze setzen, fir endlech bis an d’Südland ze seegelen. Esou sinn um 1. August 1721 ënnert dem Kommando vum Roggeveen dräi Schëffer mat 223 Besatzungsmemberen um Hafe vun Texel gestart. D’Rees ass fir d’éischt a Richtung Falkland-Insele gaangen, uschléissend zum Kap Hoorn am Pazifik an dunn laanscht d’Juan-Fernandez-Inselen.

Scho vu wäitem huet de Kapitän den Damp op der Insel gesinn, wouduerch een op eng Siidlung schléisse konnt, sou wéi déi interessant Steefiguren, déi an der plakeger Landschaft ervirgestach sinn. Déi ronn 250 Figuren aus Lava sollen de Beweis fir eng vergaangen Naturrelioun sinn, déi ëm 14. oder 15. Joerhonnert existéiert huet. Nëmmen eng Woch méi spéit ass et fir de Roggeveen a seng Ekipp viru Richtung Südland gaangen, wouduerch hien och e puer Samoa-Inselgruppe fonnt an um 10. Dezember 1722 Batavia erreecht huet.

Panoramalandschaft vun der Ouschterinsel © Rivi

Eng geheimnisvoll Kultur

Weltwäit sinn déi bal 10 Meter héich Steefiguren , déi just aus engem Kapp, Äerm an dem Recht vum Uewerkierper bestinn, berühmt. Nach ëmmer weess een net genau wat et domat op sech huet. Divers Fuerscher hu sech mat der Fro beschäftegt. Den Ethnolog Alfred Métraux geet dovunner aus, datt et sech heibäi ëm wichteg Virfaren handele muss, deenen hir Séilen zu de Schutzgottheeten vun de Stämm gi sinn. Den Numm „Moai“, wéi d’Vollek d’Figuren nennt, heescht iwwersat nämlech „an Éieren halen“ a Verschiddener vun hinnen, droen de Bäinumm „Ariki“ wat „Häuptling“ bedeit.

Wat awer nach bemierkenswäert war, ass datt dës déi eenzeg Insel an der Géigend war, wou d’Leit schreiwe konnten. Fuerscher froe sech, wéi d’Leit op d’Insel komm sinn a wéi hir Kultur entstanen ass, mee och dozou ginn et keng Äntwerten.

E puer Detailer

D’Ouschterinsel läit am Pazifeschen Ozean tëscht Asien an Amerika. Am Pazifik bilt d’Insel de baussechte südëstlechen Eck vum sougenannte Polyneseschen Dräieck, mat Hawaii am Norden, Aotearoa (Neiséiland) am Südwesten an eben der Ouschterinsel am Südosten. Seng Fläch vun 179,85 Quadratkilometer ass aus dräi Vulkaner virun 2,5 Millioune Joer entstanen. Mat 525 Meter ass de Vulkan „Terevaka“ den Héchste vun der Insel. Vulkanesch Aktivitéite soll et awer säit 2000 bis 3000 Joer net méi ginn.

© TUBS

D’Amtssprooch dohannen ass Spuenesch. D’Ursprooch „Rapanui“ ass awer an de fënnef Schoule vun der Insel ee Flichtfach. Mam Chilenische Peso kann een op der Insel dann och eppes kafen, woubäi d’Bewunner wuel och gären den US-amerikaneschen Dollar an der Keess gesinn. Boergeld bei sech ze hunn ass op der Ouschterinsel kloer vu Virdeel, well Karte gi ganz ganz ganz seelen akzeptéiert. Donieft existéiere souwisou just 2 Banke mat Geldautomater.

Related topics Jakob Roggeveen, Moai, Ouschterinsel, Polyneseschen Dräieck, Vulkan, What the Fakt
Next post Previous post