What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus
Hie war ee vun der erfollegräichste Museker an Entertainer weltwäit,
Hie war ee vun der erfollegräichste Museker an Entertainer weltwäit,
D‘Ocean Viking, déi vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni
Dëse 7. an 8. September hunn sech zu Wien, am
Um 19. Juni 1978 ass de Garfield fir eng éischte Kéier an 41 Noriichtemagasinner opgedaucht. Dobäi wollt d’Chicago Sun-Times dem Jim Davis säi Comic no kuerzer Zäit net méi weisen. No enger Well u Bréiwer an Telefonater vun enttäuschte Lieser huet ee schliisslech gemierkt, wéi beléift déi fett, orange Kaz eigentlech ass. Mat hirem Haass viru Méindeger, der Léift zur Lasagne an dem Wëllen dozou, einfach faulenzen ze kënnen, schwätzt si eis dach all aus der Séil!
Kuckt ee sech esou de Liewenswee vum US-amerikanesche Comiczeechner a Papp vum Garfield, dem James Robert „Jim“ Davis un, dann ass et kee Wonner, datt dësen Här d’Véierbeener esou gären huet. Seng Jugend huet hien nämlech um klengen Haff vu sengem Papp verbruecht, déi hie sech mat sengem Brudder, senger Mamm a 25 Kaze gedeelt huet. Duerch seng schlëmm Asthma-Erkrankung duerft hien ni vill Zäit dobausse verbréngen, an esou huet den jonke Kärel seng Zäit mat Zeechne verbruecht.
Wat hätt als Motiv besser gepasst, wéi d’Kazen, déi hien dagdeeglech ëmginn? Seng éischt richteg Comic-Figur, déi och an Zeitunge verëffentlecht ginn ass, sollt awer de Käfer „Gnorm Gnat“ sinn, deen an der Pendleton Times reegelméisseg gewise ginn ass. No e puer Joer ass de kreative Kapp nees zeréck zu senge Wuerzele komm an de Kueder Garfield ass gebuer ginn. Fir den Numm vu senger beléifter oranger Figur huet hie sech u sengem Grousspapp James Garfield Davis inspiréiert.
Den éischte Comic mam Garfield vum 19. Juni 1978 © Jim Davis
Mëttlerweil existéiert nieft den einfache Comic-Strips eng ganz Panoplie u Bicher, Serien a Filmer. D’Buch zum Kinofilm vun 2004 ass iwwregens an 27 Sproochen iwwersat ginn a méi wéi 130 Millioune Mol verkaaft ginn. Mat dësem Erfolleg hätt den Davis ni gerechent – eigentlech hätt no engem Sammelband solle Schluss sinn mam décke Kueder. Witzegerweis muss een dozou soen, datt hie selwer ni ee Kueder hat, wëll seng éischt Fra allergesch war. Vläicht hu si sech och dowéinst scheede gelooss? Op alle Fall ass hie mëttlerweil glécklech fir zweet bestuet an huet dräi Kanner.
Opmaacherbild: Den Jim Davis an de Garfield © Andres Childs