Search

You may also like

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

E weidere Schrëtt am Kampf géint haislech Gewalt
Kultur Neiegkeeten Stories

E weidere Schrëtt am Kampf géint haislech Gewalt

Wärend der Gesondheetskris ass et, duerch ee gutt organiséierte Krisemanagement

money
D‘ULC ergräift Stellung zur Ausso vum President vun der Raiffeisen-Bank
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘ULC ergräift Stellung zur Ausso vum President vun der Raiffeisen-Bank

Wann et der zwee gëtt, déi esoubal nach net wäerte

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!

Virun 20 Joer wousst de Lou Bega net op en léiwer e bëssi Monica, Erica oder Rita wëll. Mir Hoffen alt, datt den däitsche Museker, deen duerch säin eenzegen Hit bekannt ginn ass, op sengem 44. Gebuertsdag d’Léisung fonnt huet!

„Ladies an d’ Gentlemen, this eis Mambo No. 5!“ – dëse Saz wäert ee wuel op Éiwegkeet mam Lou Bega verbannen. Als Summerhit vum Joer 1955 war de Sänger an alle Länner op Plaz 1, woubäi d’Lidd sech souguer an den USA zum Ouerwuerm entwéckelt huet. Zënterhier louch de Museker awer net faul op senger Haut, mee huet all puer Joer nees een neien Album erausbruecht. Trotzdeem konnt ni eppes säi Mambo toppen. Mam Äerdbier-Daiquiri am Grapp wollt een einfach just zu sengem Karibiksound wibbelen!

Gebuer ginn ass de Sänger, deen wuel duerch seng italienesch an ugandesch Wuerzelen d’Danzwut entfacht, zu München. No sengem Schoulofschloss reest den jonke Kärel, deen einfach fir d’Ënnerhalung gebuer ginn ass, a Florida a saugt sech mat karibescher Danzmusek voll. Dat eenzegt wat him perséinlech feelt ass een Hit! An esou inspiréiert hie sech un engem Song vum Perez Prado, wouduerch schliisslech säi Welthit entstoe sollt.

Och déijéineg, déi dem Buena Vista Social Club näischt ofgewanne konnten, ass de Casanova, dee sech tëscht sengen zuelräiche Fraleit net decidéiere wollt, an den Ouere bliwwen, wouduerch sech de Mambo-Féiwer rasch ausbreet. Dobäi huet et net all ze laang gedauert, bis datt d’National Academy of Recording Arts & Sciences de Museker an der Kategorie Best Male Pop Vocal Performance virum Andrea Bocelli, Ricky Martin a Sting positionéiert.

Säin zweet Wierk „Ladies an d’ Gentlemen“ vun 2001, sou wéi säin Album „Lounatic“ vun 2006 sollten allerdéngs net méi un den Erfolleg vu Mambo No. 5 uknäppe kënnen. De Lou Bega genéisst trotzdeem seng musikalesch Presenz a wäert wuel och haut säi Gebuertsdag wéi ee richtege Museker feieren!

Related topics Gebuertsdag, Lou Bega, Mambo No. 5, Ouerwuerm, What the Fakt
Next post Previous post