US-Milliardär besicht verkuelte Westküst
Den Donald Trump huet sech a Kalifornien e Bild vum
Den Donald Trump huet sech a Kalifornien e Bild vum
De SIGI verëffentlecht e praktesche Guide zum Dateschutz-Reglement RGPD De
De 15. Dezember 2020 huet d’Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2020
Pünktlech zum Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an esou kuerz virun Ouschtere gëtt der Traditioun no de Gréngen Donneschdeg gefeiert. Datt dësen hellegen Dag, dee scho säit dem Mëttelalter existéiert, guer net emol esou gréng ass, wéi een dag vläicht denke kéint, ass awer deene Wéinegste bewosst. Wat et am Endeffekt domat op sech hutt, gitt Dir hei gewuer!
Den haitege Gréngen Donneschdeg soll un déi lescht Molzescht vum Jesus mat senge Jénger erënneren. Haut den Owend fänkt dann de sou genannten „Triduum Sacrum“, also déi dräi Deeg virun Ouschteren un. Gesetzlech gesinn ass et zwar kee Feierdag, an awer hëlt de Gréngen Donneschdeg, als feste Bestanddeel vun der Karwoch, fir Gleeweger een héije Stellewäert an der Liturgie an.
Wat de Brauch vun eis verlaangt
Zu Lëtzebuerg ginn d’Massendénger der Traditioun no klibberen, fir esou d’Kircheklacken fir eng Zäitchen ze ersetzen. An der Stater Kathedral gëtt um Virowend vum Gréngen Donneschdeg déi sougenannt Chrisam-Mass ofgehalen, woubäi de Bëschof déi helleg Ueleger weit. De Brauch vum Féiss-Wäsche gëtt mëttlerweil ëmmer méi seelen ausgeüübt. Als Symbol fir d’Nächsteléift kréien hei nämlech 12 Persoune vum Paschtouer, Bëschof oder och vum Poopst d’Féiss gewäsch.
Féiss-Wäschen um Gréngen Donneschdeg zu Wales © Peter Mackriell
Souvill zur Kierch, mee wat maachen dann all déi aner? Et mach kee richtege Brauch sinn, an awer fänkt een zur Zäit vum Gréngen Donneschdeg oft un, gréngt Geméis a Kraider an der Kichen ze verschaffen, wëll dës momentan zeideg sinn. Esou soll een dat ganz Joer iwwer och mat Gesondheet a Kraaft geseent sinn.
A wouhier kënnt den Numm?
Ganz eeneg ass ee sech wuel net, wou den Numm hierkënnt. Trotzdeem existéieren nees divers Theorien, déi allerdéngs net vill mam grénge Faarftoun ze dinn hunn. Am meeschte gëtt vermutt, datt d’Wuert „gréng“ aus dem Mëttelhéichdäitschen „gronan“ oder och „grînan“ kënnt, wat esou vill bedeit wéi „kräischen“ oder „béissen“. Domat soll een op déi bevirstoend Passioun Christi a säin Dout um Kräiz, sou wéi och un d’Tréine vun de Béisser erënneren.
Eng aner Theorie geet dovun aus, datt et sech beim Gréngen Donneschdeg ëm déi wiertlech Iwwersetzung vum laténgeschen „dies viridium“, also „Dag vun de Gréngen“ handelt. Un dësem Dag si fréier de Béisser hir Sënnen erlooss ginn, wouduerch si nees zu „gréngem“ Holz gi sinn. Natierlech symboliséiert déi gréng Faarf och ëmmer d’Hoffnung an d’Fruuchtbarkeet, wat sech nees mam Ouschterfest, wat een iwweregens op der Stater Émaisschen verbrénge kéint, verbënnt.
Op Dir elo mat gréngen Hoer ronderëm laaft oder eng lecker Geméiszopp preparéiert ass jiddwerengem selwer iwwerlooss. Mir haten eis Zalot an der Redaktioun op alle Fall schonn 🙂