Search

You may also like

Wien huet de Jovenel Moïse ëmbruecht?
Neiegkeeten

Wien huet de Jovenel Moïse ëmbruecht?

Elo gutt zwee méint nodeems op Haiti de President Jovenel

De Stuerm op Berlin (Kommentar)
Neiegkeeten

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

Mat der Demo um „Dag vun der Fräiheet“ (1. August

Salon du CAL: Vum 1. bis den 20. November am Tramsschapp
Neiegkeeten

Salon du CAL: Vum 1. bis den 20. November am Tramsschapp

Vum 1. bis den 20. November invitéiert de Lëtzebuerger Kënschtlerkrees

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech awer och emol op aner Reliounen an Traditioune bezéien, déi an hirer eegener Aart a Weis och ganz extra Gewunnechte mat enger fantastescher Geschicht dohannert hunn. Momentan gëtt nämlech dat jüddescht Fest „Hanukkah“ gefeiert. Kommt mat op eng Rees an d’Vergaangenheet!

Hutt Dir Iech nach ni gefrot wat d’Liichterfest vun de Judden ass oder wouhier dës Traditioun kennt? D’Fest huet mam Sonnenënnergang um 2. Dezember ugefaangen an dauert bis zum Sonnenënnergang vum 10. Dezember 2018. Och haut nach freeën sech d’Judden op dëst wichtegt Event wat viru méi wéi 2000 Joer entstanen ass.

Generell feiere si d’Befreiung vum Vollek aus der griichescher Herrschaft, déi zweet Weihung vum Tempel an d’Liichtwonner. Viru ronn zwee Joerdausende wollt de Seleukidekinnek Antiochos IV. Epiphanes dat jüddescht Vollek zwéngen, seng Relioun opzeginn. Seng Zaldoten hunn den Tempel verwüst a souguer mat Schwäin, déi bei de Judden als onreng Déiere gëllen, dat hellegt Grondstéck entweiht.

Eng kleng Grupp u Judden, déi och Makkabäer genannt goufen, hu sech fir hir Relioun an den Tempel agesat a probéiert, dat hellegt Gebai nees benotzbar ze maachen. Ee grousse Problem haten si awer: dat éiwegt Liicht, wat fir d’Presenz vu Gott steet, war ausgaangen. Déi kleng Fläsch Ueleg géif mol keen Dag duergoe fir déi siwe Käerzen op der Menora ze erhellen. Wéi duerch ee Wonner hunn d’Liichter awer genau 8 Deeg gebrannt, genau rechtzäiteg, datt erëm neien Ueleg do war.

Als kleng Informatioun stinn déi siwen Äerm vun der Menora fir déi sechs Deeg vun der Schëpfung an de Schabbat als Roudag. De Begrëff „Hanukkah“ heescht iwwersat „Zouneigung“. Generell gëtt hei eben d’Menora ugefaangen a mam Dreidel gespillt. Obwuel ee Festiesse keng Flicht ass, organiséieren déi meescht jüddesch Famillen ee speziellt Iessen a sangen Hanukkah-Lidder, deemno wéi gi souguer Cadeaue verschenkt.

Hanukkah

Wat wir ee Fest ouni gutt Iessen?

Zum typeschen Iesse vum Liichterfest gehéiere frittéiert Saachen, fir esou och un den Uelech an der Menora ze erënneren. Donieft ginn et och nach Latkes (Gromperekichelcher), Bimuelos (frittéiert séisst Gebäck) oder Panescher. Nom Sonnenënnergang fannen sech d’Famillen zesumme fir a geselleger Atmosphär ze feieren an d’Käerze vun der Menora unzefänken. An der Zäit, wou dës Käerzen u sinn, soll net geschafft ginn.

Um Méindeg Owend ass Hanukkah dann eriwwer fir dëst Joer. Et sollt een emol drun denken, datt nieft de chrëschtleche Feierdeeg och aner Reliounen immens flott Fester feieren, deenen een opgeschloss soll géigeniwwer stoen a vläicht och souguer eng Kéier mat feiere soll.

Quellen:

Related topics Fest, Hanukkah, Iessen, Juddentum, Menora, Schabbat, Traditioun, What the Fakt
Next post Previous post