Search

You may also like

Een Hommage un den Trickfilmer Gene Deitch
Neiegkeeten

Een Hommage un den Trickfilmer Gene Deitch

„Don’t conform. Do it your way“ – ee Motto, dat

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden

Et muss senger Natur geschëlt sinn, datt de Patrick Dury,

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!
Neiegkeeten

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

Kapsel Kaffi, dee grousse Marketing Erfolleg vun Nestlé a Keurig. Mat

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz

Scho säit 1995 gëtt haut den Dag vun der Toleranz gefeiert. Et ass eng Noutwennegkeet fir een dauerhaft friddlecht Zesummeliewe vun de Mënschen an enger Welt, wou eng negativ Noricht dei nächst joot.

Hautdesdaags ass eis Welt gepräägt vu Konfrontatioune mat Neiem a Friemen, wat mir och oft als negativ a bedreelech empfannen. Onwëssenheete kënne schlussendlech schlëmm Konsequenze mat sech zéien. Fir dat vir ze beugen ass den internationalen Toleranzdag als Mechanismus géint Haass an Diskriminatioun.

D’Initiative geet op déi 185 Memberstaate vun der UNESCO zeréck. Zum 50-järege Bestoe vun de Vereenten Natiounen an hire verschiddenen Organisatioune gouf an der UN-Generalversammlung, nom Joer vun der Toleranz, d’UN-Resolutioun A/RES/51/95 an d’Liewe geruff. Domat erklären d’Memberstaaten d’Prinzipien zur Toleranz als Bestanddeel vun enger gemeinsamer Charta.

Ziel ass et op d’Gefore vun Intoleranz opmierksam ze maachen. Ee wichtege Baustee fir Toleranz am perséinlechen, gesellschaftlechen a politesche Beräich ass Bildung. Nëmmen esou kann een iwwert Detailer, Ënnerscheeder an d’Villfalt vum Liewen opgekläert ginn. Ouni Fuerderunge vun der Politik kënnen awer keng Moossnamen ergraff ginn, wouduerch et sech als essentiell erweist, datt d’Politik, d’Justiz an d’Gesellschaft Hand an Hand zesumme schaffen a sou eng Grondlag fir zukünfteg Generatioune schafen.

De Lexikon erkläert d’Wuert Toleranz als „eppes dulden oder zouloossen“. An awer ass et esou vill méi wéi just dat. Et heescht och Récksiicht ze huelen op anerer, generéis an opgeschlossen ze sinn. Et ass een Dag, un dem mir all eist Verhalen hannerfroen an d’Welt mat aneren Ae solle kucken. Beispillsweis kéint ee mat sengem neien Noper ee Kaffi drénke goen an herno souguer positiv iwwerrascht sinn wat een esou alles gemeinsam huet.

Quellen:

Related topics Charta, Dag vun der Toleranz, Hillary Clinton, Toleranz, UNESCO, What the Fakt
Next post Previous post