Search

You may also like

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Neiegkeeten

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg

Gëschter war um Härebierg déi alljäerlech traditionell Veillée de Noël. Präsent

money
D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

Um Belval sollen dem Haus vun der Bio-Gesondheet nach an

Lëtzebuerger Ausseminister fuerdert méi Solidaritéit an der EU
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister fuerdert méi Solidaritéit an der EU

An der Diskussioun ëm d‘Opnam vu mannerjärege Flüchtlingen aus Griicheland,

What the Fakt – Haut ass den Dag vum léif sinn!

What the Fakt – Haut ass den Dag vum léif sinn!

Sou gëtt den 13. November zu engem richteg frëndlechen Datum. Haut ass nämlech den Dag vum léif sinn (engl.: World Kindness Day). A wien huet dësen Dag erëm an d’Welt geruff an aus wéi engem Grond?

Am Joer 1998 war um 13. November zu Tokio den éischten Dag vun der Konferenz zum World Kindness Movement (WKM). Ziel heivun ass et, jiddwereen zu engem méi frëndlechen Ëmgang mateneen ze begeeschteren a sou ee positiivt Klima op der Welt ze schafen.

Et ass ee kuriéisen Feierdag, bei deem een net nëmme soll fein sinn, mee och am léiwe Sënn soll handelen. Wien dat ganzt Joer iwwert éischter onfrëndlech a granzeg war huet haut d’Geleeënheet och emol ee feint Wuert kommen ze loossen an anere Leit ee gutt Gefill ze ginn, doduerch vläicht souguer sympathesch eriwwer ze kommen.

Fein Mënschen sinn oft och vu positive Leit ëmginn, hunn een aktiivt Sozial- a Familljeliewen an et erënnert ee sech ëmmer un hir Astellung zum Liewen. Wisou sollte mir dann net all emol méi fein sinn? Dozou kann ee just nach soen: “Frëndlechkeet ass eng Sprooch, déi, déi Daf héieren an déi Blann liese kennen!”

 vuQuellen:

Related topics Dag vum fein sinn, Sympathie, Tokio, What the Fakt, World Kindness Day
Next post Previous post