Dag vun der gesonder Ernärung

Sech gesond ze ernären ass wichteg – fir Kierper a Geescht. Bei eisen däitschen Noperen ass haut den Dag vun der gesonder Ernärung.

Zanter 2007 fënnt dësen Aktiounsdag an Däitschland statt. An dësem Kader fanne vill Aktioune statt – praktesch Tipps zum Iessen, Kachen an akafen.

D’Ernärung vum Mënsch ass liewenswichteg, de Kierper brauch Iessen an zemools Waasser fir ee gesonde Kierperopbau. Och d’Liewensfunktioune ginn esou oprechterhalen. D’Ernärung steiert de Mënsch – am kierperlechen, geeschtegen, physiologeschem a sozialem Wuelbefannen.

Wien gesond iesse wëll, sollt beim Geméis méi dacks zougräifen. Studien beleeën nämlech, datt Mënschen, déi vill Geméis zou sech huelen, net esou dacks un Häerz- a Kreeslafproblemer leiden. All Zort bitt eng aner Kombinatioun un Inhaltsstoffer, Ofwiesslung suergt also fir eng gesond Mëschung. Et gutt Iddi ass et och, heiansdo mol op ee Stéck Fleesch oder Schockela ze verzichten – an datt Alkohol kee Frënd vun der gesonder Ernärung ass, ass wuel bekannt.

Nëmmen iessen, wann een hongereg ass, sech déi néideg Zäit huelen, genuch knaen an den Zocker reduzéieren – dës kleng Tipps, kënne schonn ee groussen Ënnerscheed maachen.

Wann een sech onsécher ass, wéi een Iessplang dann elo dee beschten ass, ass et méiglech sech bei engem Ernärungsberoder ze ëmfroen.

Dernières nouvelles