Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK
Zanter Deeg beschéisst déi tierkesch Arméi den irakeschen Norde mat
Esou wéi d’Sonn, de Flamenco oder de Stéier fir Spuenien
Eis Butzen hunn direkt zwee Mol d’Joer een internationale Feierdag: ee Mol den 1. Juni an haut. Et sinn zwee Datumer mat engem Ziel. D’Wuelergoe vun de Kanner steet am Mëttelpunkt an et soll op Kanneraarmut, feelend Schoulbildung, Kanneraarbecht a Kannerrechter opmierksam gemaach ginn.
Nom internationale Männerdag gëschter an dem Weltfraendag um 8. Mäerz ass et haut un de Klengste fir d’Wuert ze kréien. Heibäi geet et net ëm Spillen a Spaass, Sprangschlässer, Seefeblosen oder mat senge Kollegen eng ze stiichten. Vill méi geet et haut dorëm, ee Bewosstsinn ze schafe fir d’Rechter, de Schutz an d’Meenung vun de Kanner.
E bësse Geschicht
Den internationale Kannerdag geet zeréck op d’Genfer Weltkonferenz 1924 fir d’Wuelergoe vun eise Butzen. Hei gouf ënner anerem beschloss, datt Kanner zu all Zäitpunkt an der Lag musse sinn, sech souwuel a materieller, wéi och a geeschteger Hisiicht op natierlech Aart a Weis ze entwéckelen. Donieft sollen si am Noutzoustand als éischt Hëllef kréien, sou wéi zou all Zäit ënnerstëtzt ginn. Gutt 30 Joer méi spéit ass dunn eng offiziell Deklaratioun vun de Kannerrechter opgestallt ginn. Um 20. November 1989 koum dunn schlussendlech d’UN-Kannerrechtskonventioun vun de Vereenten Natiounen.
De grousse weltwäite Problem
Et muss ee bedenken, datt ee Groussdeel vun dëse Problemer net nëmme wäit ewech an den Entwécklungslänner virkommen, mee sech och ëmmer méi an eiser Géigend heefen. De Sputt tëschent Arem a Räich war nach ni esou grouss an et ass ee schrecklecht Trauerspill, datt grad déi Klengst dorënner leide mussen, woubäi si eiser aller Zukunft sinn.
Kanner – ee Wonner fir sech
Et ass ee bedréckend Thema an eng eescht ze huelend Problematik. Trotzdeem soll dësen Artikel net grad esou belaaschtend ophalen. Dofir sinn hei e puer interessant Fakten iwwert eis allerléifst Butzen:
Eng kleng Informatioun niewebäi wann Dir Eltere gi sidd. Um 24. November organiséiert den ACL säin traditionelle Kannersëtzbazar, wou dir gebraucht a vum Club gepréiften a genormte Kannersëtzer fir ee gudde Präis kafe kënnt. Esou garantéiert dir d’Sécherheet vun ärem neie klenge Familljemember.
Quellen: