Search

You may also like

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz
Neiegkeeten

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“,

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen
Neiegkeeten

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen

Um Samschdeg hunn déi jonk gréng hir alljärlech Generalversammlung ofgehalen

Kaffi oder Téi?
Neiegkeeten

Kaffi oder Téi?

Wat ass Schold dorunner, datt mir de Kaffi dem Téi

What the Fakt – Haut ass internationale Männerdag

What the Fakt – Haut ass internationale Männerdag

Opgepasst léif Hären! Säit dem 19. November 1999 hutt och Dir ären eegenen internationale Feierdag. Heibei geet et awer ëm méi, wéi d’Béierkëschte bei de beschte Kolleg ze bugséieren an ee sëffegen Owend ze verbréngen. Vill méi wichteg ass besonnesch haut d’Thema Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra.

Och wann d’UNESCO sech als Grënner vun dësem kuriéise Feierdag gesäit war et vill méi de Professer Thomas Oaster, den zu dësem Dag opgeruff huet. Siwe Joer méi spéit ass schlussendlech zu Trinidad an Tobago den éischte Männerdag gefeiert ginn. Mir liewen hautdesdaags an engem gesellschaftleche Klima, wat béide Geschlechter nei an individuell Liewensentwërf ubitt. Leider dominéiert hei nach oft een traditionellt Denken, wouduerch de Mann als Ernierer vun der Famill a staarkt Geschlecht klasséiert gëtt.

Beim internationale Männerdag geet et also dorëm, d’Benodeelegung vu Männer ze verdäitlechen an hire sozialen a gesellschaftlechen Asaz ze wierdegen. Nodeems a leschter Zäit ëmmer méi iwwer d’Diskriminéierung vun de Frae geschwat gëtt, récken déi männlech Interessen a Problemer an den Hannergrond. Gläichberechtegung fonctionnéiert déi zwee Weeër an heescht, sech souwuel fir d’Fra, wéi och de Mann an ze setzen, wann d’Situatioun et verlaangt.

Mëttlerweil wëll och dat „staarkt Geschlecht“ sech aktiv un der Kannererzéiung bedeelegen, heiansdo sensibel sinn an der Fra op Aenhéicht géigeniwwer stoen. D’Rollebild gëtt also iwwerschafft. Nom Weltmännerdag um 3. November, wou et ëm déi kierperlech Gesondheet geet, betrëfft den haitege Feierdag vum Dräibeen also och de séileschen Aspekt.

Also léif Fraen a Frëndinnen, huelt äre Beschten haut emol besonnesch léif an den Arem. Ouni eis Männer wier d’Liewe jo nëmmen hallef esou schéin!

Quellen:

Related topics Geschlechterrollen, Internationale Männerdag, Mann, Weltmännerdag, What the Fakt
Next post Previous post