Search

You may also like

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer
International Neiegkeeten Stories

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

No engem Äerdbiewen an der Ägäis, läit den aktuelle Bilan

Fir d’Affer an déi Iwwerliewend vum Holocaust – Et ass ni ze spéit
International Neiegkeeten Stories

Fir d’Affer an déi Iwwerliewend vum Holocaust – Et ass ni ze spéit

Vill Joren hunn déi Iwwerliewend vun der Shoah ëm Entschiedegung

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?
International Neiegkeeten Stories

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

An Israel mussen sech d‘Membere vun der pseudo-liberaler Likud tëscht

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi frësch Temperaturen, liichte Wand an tëschenduerch och emol eng kleng Reendrëps ze verspieren. Elo wou mir dës Strapazen iwwerlieft hunn, wëll ee sech net virstellen, wéi ee wuel iwwer 50 °C dobaussen aushale sollt. Paakt schonn emol d’Glace an de Ventilator aus: Am Juli 1913 sinn am Death Valley 56,7°C, an domat déi héchst jeemools gemoossen Temperatur festgestallt ginn.

Generell ass den Death Valley a Kalifornien bekannt fir seng extrem héich Temperaturen. Virun 106 Joer huet d’Weltwiederorganisatioun (WMO) allerdéngs een neie Rekord festgehalen. D’Miessstatioun stoung bei der Greenland Ranch um Furnace Creek an huet iwwer 10 Deeg steigend Temperature constatéiert. Um 10. Juli huet dréchene Wand schliisslech déi extrem waarm Loft an den Nationalpark bruecht.

Death Valley

Wéi am Bakuewen

Datt dës Wäerter onerdréilech sinn, kann ee sech denken. Bei esou Wieder laang dobaussen ze sinn kann déidlech ausgoen. Esou hunn zwee Männer, déi an der Géigend vun der Farm mam Auto ënnerwee waren, onglécklecherweis eng Pann gehat. Ee vun den zwee Hären, de Pete Busch, ass un der Hëtzt gestuerwen. Säi Kolleg, de Roy Shaw konnt nach mat Zäite gerett ginn.

De Meteorolog Dan Berc vergläicht dësen Doudesdall mat engem dréchene waarme Schäffchen, an deen ee sech eraleet. D’Statistike vum Nationalpark zielen dofir leider och d’Hëtzt-Doudesaffer. Säit 1976 si scho 15 Persounen am Park gestuerwen. Dorënner gëtt och ee Bouf vun 11 Joer opgezielt, deen no 5 Deeg Iwwerliewenskampf dobaussen ëm d’Liewe komm ass.

Verschidde Leit spillen trotzdeem gäre mam Liichtsënn an huelen dës Wäerter als Challenge un. Nodeems am Juni 2013 den ale Rekord bal geknackt konnt ginn, huet de Star Wars Fan Jon Rice decidéiert, am Darth-Vader-Kostüm ze joggen a virum Thermometer ze poséieren.

Death Valley

Pan net vergiessen!

Touriste reese virun allem wéinst der spektakulärer Ëmgéigend an den Naturphenomenen an den Nationalpark. Iwwer 240 Kilometer zitt sech d’Sand- a Steenwüst a bitt soumat déi ideal Plaz fir extrem Hëtzt. Mat senge 86 Meter ënnert dem Mieresspiggel ass beispillsweis d’Badwater-Salzpan den déifste Punkt an der westlecher Hemisphär. Iwwert der flimmerender Hëtzt läit ee bloen Himmel, ganz ouni Wolleken.

Als Ranger huet ee bei de kachende Stroosse mat engem weidere Problem ze kämpfen. Déi ganz Schlau broden nämlech gären emol een Ee um Goudron. Bei dëser Attraktioun réit de Park mëttlerweil, wéinstens eng Pan ze benotzen. Hir Parkwiechter sinn ëmmer méi domat beschäftegt Schuelen an Iwwerreschter vun der Strooss ze krazen, amplaz sech op dat Wichtegt konzentréieren ze kënnen.

Related topics 56, 7°C, Death Valley, Héchsttemperatur, Hëtztwell, Temperatur, What the Fakt
Next post Previous post