Search

You may also like

Petitioun fir Motorrieder am Stau
Neiegkeeten Uncategorized

Petitioun fir Motorrieder am Stau

Wäert et deemnächst fir Motorrieder erlaabt sinn, bei engem Stau

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun
Neiegkeeten Uncategorized

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

Och zu Lëtzebuerg leeft zënter enger gudder Woch net méi

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!
Neiegkeeten Uncategorized

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!

Datt een e Militärfliger net nëmme fir Missioune vun der

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller

D’Skandinavier waren eis jo schonn ëmmer am viraus. Mee wousst dir, datt Dänemark virun 29 Joer gläichgeschlechtleche Partneren déi gesetzlech agedroe Partnerschaft erlaabt huet?

Säit laanger Zäit kämpfen homosexuell Leit drëm, méi Rechter an dësem Beräich ze kréien. Dofir ass et kee Wonner, datt eleng 2016 iwwert 400 LGTB-Famillen am Kinnekräich hiert Gléck fonnt hunn. Besonnesch a Länner wéi Russland oder der Ukrain kënnt d’Gesetz de Leit zu Gonschten.

Ee weidere Grond sech an Dänemark paxen ze loossen, ass hir Schnellegkeet. A Lëtzebuerg an Ëmgéigend dauert de Pabeierkrom gär e puer Wochen. Am skandinavesche Land kënnen Homosexueller schonn an 1 bis 2 Deeg hiren Dram erfëllen, wann Dokumenter korrekt ausgefëllt ginn. Do freet een sech direkt, datt den Akt a ganz Europa unerkannt gëtt.

Dänemark, wat generell ëm legitim Gesetzer beméit ass, mécht dobäi keen Ënnerscheed, ob een elo verschidden- oder gläichgeschlechtlecht ass. Fir jiddwereen ass d’Prozedure déi selwecht.

Et huet bal ee véierel Joerhonnert gedauert bis Lëtzebuerg dësem Beispill nogaangen ass. Eréischt säit 2014 ass d’hetero- an homosexuellt Bestietnis gläichgestallt. Bis elo ginn et awer just ongeféier 20 weider Länner, déi hiert Gesetz geännert hunn.

Quellen:

Related topics Bestietnis, Dänemark, Homsexuell, LGTB
Next post Previous post