Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi
Et sinn elo 13 Méint hir datt de François Bausch
Et sinn elo 13 Méint hir datt de François Bausch
De Manfred Weber ex konservative Spëtzekandidat a Fraktiounschef vun der
Esouvill Oppenheet säitens der indescher Prisongsadministratioun huet et seelen, firwat
Aaahhhhh! Den 12. Oktober steet ganz am Zeeche vun der Frustbewältegung. Hutt Dir dann haut scho ronderëm gebläert dowéinst?
An dëse kuriose Feierdag huet emol eng Kéier een Ursprong. 1986 hunn d’Ehepartner Ruth an Tom Roy aus den USA, déi iwwregens sech scho vill komesch Feierdeeg afale gelooss hunn, an d’Liewe geruff a markerechtlesch schütze gelooss.
Fir säi Frust eraus ze loossen huet jo jiddwereen seng eege Methoden. Op Sport, Drogen, Sex oder Iessen, iergendwéi muss d’Roserei fort. Beim jäizen an der Ëffentlechkeet gëtt een awer wahrscheinlech kromm ugekuckt, et kritt een zeréck gegranzt oder et geet eis all tatsächlech duerno besser. Schonn 30 Sekonne vun dëser Aggressiounstherapie hëllefen.
Psychologesch gesi versetzt Jäizen de Mënsch an Alarmbereetschaft. Mir hunn alleguer d’Fäegkeet aus der Tounlag eraus ze héieren, op een normal schwätzt, genervt ass, een op eng Gefor opmierksam gemaach gëtt („Pass op! Do kënnt een Auto“) oder eng alarméierend Situatioun ass.
Eis normal Stëmmlag läit bei 4-5 Hz, wougéint jäize bei 30-150 Hz, also däitlech driwwer, läit. No de Resultater vun enger Etüd beleet mënschleche Kreesch eng akustesch Nisch, déi eng biologesch a sozial Wierkung a Stress- a Geforesituatioune sécher stellt.
Bei de Kandidaten, déi verschidden Téin vu Kreesch ze héiere kruten ass iwwregens och d’Gehiraktivitéit gemooss ginn. Alarmgeräischer a Jäizen hunn dobäi eng erhéichten Aktivitéit an der Amygdale opgewisen, der Gehirregioun déi fir d’Veraarbechtung vun Erënnerungen an Angscht zoustänneg ass.
Fir ofzeschléisse wënsche mir een net ze frustréierten Dag a ginn elo op Terras eng Ronn Kreesch doen!
Quellen: