Search

You may also like

Dat On-liesbart
Neiegkeeten

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss
Neiegkeeten

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss

Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Wunnstruktur fir

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!
Neiegkeeten

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!

Ausgang vun dëser Fuerderung ass d‘Petitioun N°1454 déi vum Pierre

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a verzichte ganz op déieresch Produkter. Et ass eng ëmstridden Iess-a Liewensform, déi schonn säit 1994 um éischten Novemberdag gefeiert gëtt.

Kee Fleesch, kee Fësch, keng Mëllech, weder Hunneg nach Eeër stinn hei um Menü. Bei deenen engen stéisst dëse Regimm op totalen Onverständnes, déi aner stinn voll a ganz hannert der Liewensform.

Eng gutt dokumentéiert Geschicht

D’Initiative fir de Feierdag geet op déi britesch Kënschtlerin an Déiereschützerin Louise Wallis zeréck. Als Unhängerin vun der Vegan Society wollt si mam Welt-Veganer-Dag feieren, datt d’Wuert „Vegan“ säit 50 Joer besteet. Wisou et awer op den éischten November fält, weess keen esou genau.

Wat ee wësse sollt

Veganer verzichten op ALL déieresch Produkter. Verschiddener bezéien et just op d’Ernierung an iessen nieft Fleesch a Fësch och beispillsweis keng Eeër oder Hunneg. Et gëtt awer och eng vegan Liewensform, wou een am ganzen Alldag op Produiten, wéi Woll a Lieder verzicht. Et ass wuel net ëmmer einfach, alles ze kontrolléieren, a genau dowéinst kucke vill Leit des Astellung och kritesch.

Vegetarier a Veganer fannen, datt Déieren sech mat hiren ethesch relevanten Eegenschaften net vum Mënsch ënnerscheeden an dowéinst och iwwert déi selwecht Rechter a virun allem Schutzmechanismen verfüge sollten. Aus dësem Grond muss ee bei all Liewewiesen jeglech Form vu Leed a Wéi vermeiden.

Hautdesdaags gëtt et ëmmer méi einfach, op déieresch Produiten ze verzichten. Vill Firmen hunn de Marché erkannt, fir och d’Veganer unzeschwätzen an ze versuergen. D’Geschicht vun de Veganer geet bis op d’Antik zeréck. Momentan erlieft dës Liewensform awer een zimleche Wandel an Uklang, sou datt vill Liewensmëttel an Alldagsgéigestänn mat speziellen Zeeche gekennzeechent sinn.

Am Endeffekt muss ee soen, datt all Individuum säi Wee fannen an erausfanne muss, wat fir ee selwer am Beschten ass. Et kann ee vill vunenee léieren a sou soll ee sech och ëmmer oppe weisen, fir Neies gewuer ze ginn, ze schmaachen an nozelauschteren.

Quellen:

Related topics Feierdag, kuriose Feierdag, Vegan Society, Veganer, Vegetarier, What the Fakt
Next post Previous post