Search

You may also like

surprise
D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren
Neiegkeeten

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo

FITTINGinSIDE: E virtuelle Concert um Welthumanistendag 2021
Neiegkeeten

FITTINGinSIDE: E virtuelle Concert um Welthumanistendag 2021

Muer fënnt de Welthumanistendag statt, deen zënter senger Kreatioun am

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert
Neiegkeeten

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert

Zanter enger décker Woch sinn d‘Wënzer an der Lies a

What the Fakt – Kölle Alaaf!

What the Fakt – Kölle Alaaf!

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der däitscher Stad Köln all Joer d’Jecken zesummen den Ufank vun der Karnevalssaison. Ob als Polizist, Himmelsdéierchen oder Katz verkleet, un dësem inoffizielle Feierdag sollt een definitiv mat engem Kölsch an typescher Karnevalsmusek an déi fënneft Joreszäit era féieren.

Am Grand-Duché sinn d’Faschingsbaler a Cavalcaden éischter am Februar a Mäerz. De geckesche Kölner geet dat awer net duer! Bal sechs Méint gi si sech drun fir mat Viva Colonia, Narrenkappe, lëschtege Sitzungen an der Bestëmmung vum Karnevalsprënz jiddwereen zu engem Laachen ze bréngen.

Eng Geschicht, bal esou al wei Köln selwer

Schonn d’Réimer a Griichen hunn den Dionysus a Saturn mat engem Gréijoersfest gefeiert. D’Germanen hunn zur Verdreiwung vu béise Wanterdämonen och scho Fester organiséiert. Dës Traditiounen si viru gedroe ginn, bis ee virun ongeféier 190 Joer ugefaangen huet, de Karneval an der haiteger Form ze zelebréieren.

Am Mëttelalter hunn d’Frënn vun der Fastnacht trotz Reklamatioune vun der Kierch an der Stad wëll a frou geféiert. Mol net déi franséisch Revolutioun 1794 konnte mat hirem strenge Regimenter d’Leit vun hirer närrescher Traditioun ofhalen. Esou koum zu dëser Zäit d’Facette vum „Held Karneval“, den haitege Prënz, dozou.

1823 ass schliisslech ee Komitée fir dëst Fest gegrënnt ginn, déi all Joer um 10. Februar zu Köln de Rosenmontagszug ënnert dem Motto „Thronbesteigung des Helden Carneval“ organiséiert hunn. Ab dësem Zäitpunkt waren d’Jecken net méi ze bändegen. Ëmmer méi Karnevalsgesellschaften sinn entstaanen an och d’Sitzungen hu sech entwéckelt.

Haut ass et Traditioun datt Gruppen, wéi Bläck Fööss, d’Höhner oder Brings déi fënneft Joreszäit aleeden. Berühmt ass hei de „Stippeföttchen-Tanz“ mat de Roten Funken. Haaptplaz ass un dësem Dag den Heumarkt, wou typesch Bands optrieden an déi Verkleeten an Feierlaun vu moies bis owes ënnerhalen.

Schmäisst Iech an de Kostüm!

Wien elo Loscht huet dësen Dag mat ze erliewe sollt nach schnell no enger Iwwernuechtungsméiglechkeet oder engem Bustransport sichen. Et ass een Dag, wou vill Alkohol konsuméiert gëtt a sou sollt een sech nëmmen net trauen, duerno mam Auto heem ze fueren! Déi bescht Platze fir ze feiere sinn den Heumarkt, den Alter Markt an d’Zülpicher Strasse. Et sollt ee sech awer op immens vill Gedrécks, laang Toiletteschlangen a Béierduschen astellen. Un dësem Dag gëtt Köln ganz ofgerigelt an et dierfe keng Gasfläschen mat era bruecht ginn.

Jiddweree sollt op mannst ee Mol a sengem Liewen un dësem Event deel geholl hunn a sech un der gudder Stëmmung, de ville flotten an och originelle Kostümer an enger Stad am Ausnamezoustand ze erfreeë. Alles Wichteges zum 11.11 zu Köln fannt dir HEI.

Quellen:

Related topics Jeck, Karneval, Köln, Kölner Karneval, Traditioun, Verkleedung, What the Fakt
Next post Previous post