Search

You may also like

Verstäerkung fir de SAMU bis den 1. Mee 2020
Neiegkeeten

Verstäerkung fir de SAMU bis den 1. Mee 2020

De Service d’Aide Médicale Urgente, och SAMU genannt, wäert bis

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?
Neiegkeeten

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?

An enger interner Note huet de regionalen Direkter vun der

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!
Neiegkeeten

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik

Um 28. November 1520 kënnt de portugiseschen Entdecker, zesumme mat dräi Schëffer, als éischt europäescht Entdecker-Team iwwert ee Kanal am Pazifik eraus. Dëse Séihwee gëtt och haut nach d’Magellanstrooss genannt.

Schonn 1519 ass de Grupp u Spuenier am Déngscht vun der spuenescher Kroun lass gezu fir d’Welt ze ëmrennen. Dobäi sollt et vum Atlantik eriwwer bei d’Pazifescht Mier, ouni ënne laanscht déi haiteg südamerikanesch Länner ze seegelen. Domat sollten si déi éischt Europäer sinn, déi bei dëser Rees dat westlecht Mier ze erreechen.

Schonn de Kolumbus hat zu senger Zäit ee Wee duerch de Weste gesicht, hie sollt awer kee Succès hunn. D’Spuenier hunn sech awer ee fest Ziel gesat, wouduerch si déi ganz Küst no engem Kanal ofgesicht hunn. Um 21. Oktober hunn si endlech ee Wee fonnt a sinn den 1. November era gefuer.

Genau 38 Deeg méi spéit kennt de Ferdinand Magellan mat 3 europäesche Schëffer u sengem Ziel un. Nodeems hie festgestallt huet, datt hei d’Waasser vill méi roueg ass wéi um Atlantik, huet hien et „Ma Pacifico“ genannt, wat dann hautdesdaags als Pazifik bekannt ass.

D’Entdeckungsrees war hei awer nach net eriwwer. Et ass viru gaange bis bei déi philippinnesch Insele vu Cebu. Hei sollten d’Spuenier bei engem Kampf géint dem Inselvollek säi Fein mat untrieden. Majo dobäi ass de Magellan, um 27. Abrëll 1521, vun engem Gëftfeil getraff ginn an u senge Blessure gestuerwen.

Generell Informatiounen zur Magellanstrooss

De Séihwee mat senge villen Inselen a Seitenärem geet vun der Punta Dungeness am Atlantik bis zur Nordspëtzt vun der Isla Desolación am Pazifik. De Wee ass ongeféiert 570 Kilometer laang an déi schmuelste Plaz ass knapp 3,5 Kilometer breet. Déi zwee Enne leie geographesch gesi bal um selwechte Breedekrees (52°30′). Generell ass d’Magellanstrooss gepräägt vu staarke Stréimungen, geféierlechem Wand a Wellen.

Quellen:

Related topics Atlantik, Magellan, Magellanstrooss, Pazifik, Spuenien, What the Fakt
Next post Previous post