Search

You may also like

Karbonsteier: Wat de STATEC derzou seet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Karbonsteier: Wat de STATEC derzou seet

Ab dem 1. Januar 2021 erleet eis d‘Regierung déi sougenannte

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn
International Kultur Neiegkeeten Stories

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Editorial: Prost Neijoer!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Prost Neijoer!

Eng laang Nuecht geet op en Enn, fir déi wou

What the Fakt – Mat Vollgas iwwert d’Tower Bridge!

What the Fakt – Mat Vollgas iwwert d’Tower Bridge!

D’Tower Bridge ass eent vun den Top-Sehenswierdegkeeten an der britescher Haaptstad London. Nodeems am Joer 1886 d’Konstruktioun ugefaangen an 8 Joer gedauert huet, duerft offiziell um 30. Juni 1894 den éischten Auto iwwert d’Bréck fueren.

Wien u London denkt, huet wuel direkt Biller vum Big Ben, dem Buckingham Palace an der Queen am Kapp. Mee och déi 224 Meter laang an 65 Meter héich Hänge- a Klappbréck mam Numm Tower Bridge, déi iwwert der Themse hänkt, zitt all Joer dausende Visiteuren un. Gebaut ginn ass si, wëll d’Bevëlkerung vun der Stad am 19. Joerhonnert enorm geklommen ass. Iwwer 6 Millioune Mënschen hu bemol an der Groussstad gelieft, woumat natierlech och de Chaos op de Stroossen ausgebrach ass. Iwwer laang Zäit huet ee soumat no Léisunge gesicht, woubäi ee sech no Joren dann op eng Bréck eenege konnt.

D’Iddi vun der Bréck koum vum Ingenieur Joseph Bazalgette. Fënnef Entreprisen an 432 Aarbechter hu sech uschléissend mam Projet beschäftegt. An den Tierm an bei der Foussgängerbréck sinn insgesamt 11.000 Tonne Stol verschafft ginn, an d’Tierm sinn herno mat Kalksteen verkleet ginn.

Haut virun 125 Joer war et endlech esou wäit: D’Tower Bridge ass offiziell a feierlech vum Fürst vu Wales, dem spéidere Kinnek Edward VII, ageweit ginn. Beim Bau huet een och dru geduecht, datt grouss Schëffer nach iwwert d’Themse fuere kënnen. D’Tower Bridge léisst sech nämlech opklappen. Fréier huet een hydraulesche System mat zou Kolbendampmaschinne Waasser an Drockspäicher gepompelt. Mat der Kraaft, déi dobäi entstanen ass, konnt d’Bréck schliisslech héichgeklappt ginn. Zënter 1974 gräift een heifir op Ueleghydraulik an elektresch Pompelen zeréck.

Iwwregens ass den 30. Dezember 1952 ee Bus iwwert d’Tower Bridge geflunn. De Chauffeur Albert Gunter war ënnerwee a Richtung London Shoreditch an huet bemol gemierkt, datt d’Bréck ugefaangen huet opzeklappen, hie stoung mam Gefier awer op deem Deel, dee sech ëmmer weider schif gestallt huet. Hien huet net gezéckt a schnell gehandelt: Gank eran, Ulaf huele, Gas ginn a sprangen…mam Bus! Fir seng couragéiert Schnellegkeet ass hie spéider souguer belount gi mat 10 Pond.

Tower Bridge
E puer extra Fakten

D’Tower Bridge ass déi berühmtste Klappbréck weltwäit. Esou een imposante Bau huet natierlech och divers speziell Mierkmoler:

  • De Spuetstéch: De Grondstee fir d’Bréck ass den 21. Juni 1886 geluecht ginn.
  • 40.000 Gefierer pro Dag: Den Tempolimit läit awer nëmme bei 22 Meile pro Stonn.
  • Erëffnung ouni de Baumeeschter: 1887 ass den Horace Jones nämlech gestuerwen
  • Kleng Schëffer, grouss Éier: Gëtt d’Tower Bridge fir ee klengt Dëppchen opgemaach, esou kann ee sech geéiert fillen.
  • Keng Héichtenangscht hunn: Den Nordtuerm kann een eropklammen a vun do aus iwwert ee gliesene Foussgängerwee op d’Südsäit goen.
Related topics Groussbritannien, Kinnek Edward VII, London, Tower Bridge, What the Fakt
Next post Previous post