Search

You may also like

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen
Neiegkeeten

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen

Mir all konsuméiere Medien aus deene verschiddenste Grënn. Ee vun

Galeries Lafayette: Den OGBL gewënnt bei hire Sozialwahlen
Neiegkeeten

Galeries Lafayette: Den OGBL gewënnt bei hire Sozialwahlen

Nodeems am November 2019 d’Galeries Lafayette an der Haaptstad hir

Webserie W: Vun Erausfuerderungen an Erkenntnisser fir déi zweet Staffel
Neiegkeeten

Webserie W: Vun Erausfuerderungen an Erkenntnisser fir déi zweet Staffel

Nom immensen nationalen an internationale Succès vun der Webserie W

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!

Déi meescht vun eis kennen déi russesch Schauspillerin aus Filmer wéi „Das fünfte Element“ oder „Resident Evil“. Mat senger haarder Schuel an dem mëlle Kär faszinéiert hatt weltwäit d’Filmindustrie an d’Visiteuren am Kino. Haut feiert d’Actrice säin 43. Gebuertsdag.

Den 19. Dezember 1975 ass d’Milla Natasha Jovovich zu Kiew an der Ukrain gebuer ginn. Nodeems d’Famill op Los Angeles geplënnert ass, ass dat jonkt Meedche mat 11 Joer vu senger Mamm bei enger Model-Agentur ugemellt ginn – mat groussem Succès. Als eent vun de jéngste Modeller ass hatt op d’Titelsäit vun engem grousse Magasinn komm.

Zwee Joer méi spéit ass d’Milla Jovovich seng éischt Schrëtt a Richtung Film gaangen. 1988 krut hatt d’Haptroll am Disney-Film „ Das Geheimnis der unsichtbaren Stadt“. Duerch de Film „Rückkehr zur blauen Lagune“ ass déi talentéiert Fra och international bekannt ginn. Säi groussen Duerchbroch huet d’Actrice schlussendlech un der Säit vum Bruce Willis an „Das fünfte Element“ erlieft.

Säit 2002 kenne mir d’Milla ënnert dem Numm „Alice“, wat am Kampf géint d’Zombien ëmmer erëm säin eegent Liewe riskéiert. Mat „Resident Evil“ steet hatt scho säit sechs Filmer an der Haaptroll vum Film a leet ee militärescht Team, fir esou de Wettlaf géint d’Zäit géint Massen u wëllen, fleeschfrëssende Mutanten hoffentlech ze gewannen.

Esou ass dës Powerfra vun engem gemobbte jonke Meedchen op de Status vun enger erfollegräicher Schauspillerin erop geklommen. Säit 2009 ass hatt mam Regisseur a Filmproduzent Paul W.S. Anderson bestuet. Zwee Joer virdrun ass hiert Meedchen Ever Gabo op d’Welt komm. Mir hoffen, datt d’Famill haut gutt feiere wäert. Mir wënschen alles Guddes!

Quellen:

Related topics Hollywood, Milla Jovovich, Resident Evil, Schauspillerin, What the Fakt, Zombie
Next post Previous post