Search

You may also like

Keller minimal windows® by AluK ass prett fir seng Clienten
Neiegkeeten

Keller minimal windows® by AluK ass prett fir seng Clienten

Keller minimal windows® by AluK hëlt seng Aktivitéiten op. Dat

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm
Neiegkeeten

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

Mir wënsche schéin Ouschteren!
Neiegkeeten

Mir wënsche schéin Ouschteren!

„Dik Dik Dak, haut ass Ouschterdag“ – esou oder esou

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng vun de legendäersten Zaubershowen zu Las Vegas. An der Stad déi nimools schléift erliewen déi meescht Gruppe just kuerzen Erfolleg. Déi zwee weltbekannt Zauberer konnten dogéint iwwer 30 Joer mat all Dag 2 ausverkaafte Showen iwwerzeegen bis den trageschen Accident geschitt ass.

Hier Léift zu grousse Wëllkatzen ass deemools duerch een Witz entstane. D’Ausso, datt een Zauberer jo och kéint ee Gepard verschwanne loossen, wann dat scho mat Huese méiglech ass, huet de Siegfrid net kal gelooss. Bei engem Optrëtt op engem Passagéierschëff huet den Zauberer dat wëllt Déier mat u Bord geschmuggelt an de Roy domat iwwerrascht.

Vun dem Zäitpunkt un wollten déi zwee Magier ëmmer erëm mat verschiddene Grousskatzen optrieden. Fir eng ganz laang Period ass dat och ëmmer gutt gaangen, bis zu enger Zaubershow am Mirage Resort an d’ Casino haut viru 15 Joer.

Et war een Accident

De Roy Horn huet wärend dem Optrëtt ee Schlag gemaach. Doropshin huet den wäissen Tiger Montecore instinktiv reagéiert a säi Meeschter um Hals gepaakt, fir en op d’Säit ze bréngen an besser op en opzepassen. Dobäi huet d’Katz ze fest zougebass an de Magier liewensgeféierlech verletzt.

Eng Attack vun engem Tiger géif keen iwwerliewen. Et war een Accident“ gëtt hien un. D’Medien haten zu der Zäit de Virfall als schlëmmen Tigerugrëff presentéiert an och zur Aschléiferung vum Montecore opgefuerdert. Op dëse Wonsch sinn déi zwee Artiste glécklecherweis net agaangen.

De Magier huet laang missen drun schaffe fir erëm op d’Been ze kommen. Mee hien huet säi Wee an d’Liewen zeréck fonnt a setzt sech elo fir de Schutz an Erhalt vu wäissen Tigeren an.

Den 19. Mäerz 2014 ass de Montecore mat 17 Joer un Alter gestuerwe. Ee grousse Verloscht fir de Siegfrid a Roy.

Quellen:

Related topics Accident, Magier, Montecore, Siegfrid a Roy, Tiger, What the Fakt
Next post Previous post