Search

You may also like

Handball: D‘Spannung héich gehalen
Neiegkeeten Uncategorized

Handball: D‘Spannung héich gehalen

Et war d‘Renconter vun den Opsteiger: Miersch versus Bouneweg, an

Generalstreik blockéiert Frankräich
Neiegkeeten Uncategorized

Generalstreik blockéiert Frankräich

Si war Géigestand am Wahlkampf a gehéiert zu de wichtegste

money
Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel
Neiegkeeten Uncategorized

Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel

Wann et richteg ass, datt den Autofestival fir déi meeschte

What the Fakt – Virun 214 Joer kréint den Napoléon sech selwer

What the Fakt – Virun 214 Joer kréint den Napoléon sech selwer

A Presence vum Poopst Pius VII. gëtt den Napoléon Bonaparte an der Kathedral Nôtre Dame de Paris gekréint. Seng Fra, d’Joséphine de Beauharnais gëtt domadder zu Keeserin erkläert. Am Géigesaz zu den traditionellen Kréinungen am Mëttelalter an der Fréier Neizäit setzt hien sech d’Keeserkroun selwer op

Den Napoléon huet schonn fréi d’Zoustëmmung vun de franséische Bierger gewonnen, andeems hien gehollef huet der Franséisch Revolutioun een Enn ze setzen, ee Code Civil vereenheetlecht huet an d’staatlech Administratioun zentraliséiert huet. Nodeems hien dunn zum éischte Konsul ernannt ginn ass krut hien 1804 vum Senat d’Wiel zum Keeser proposéiert.

Napoleon

D’Kréinungszeremonie zu Paräis: den Napoléon setzt senger Fra d’Kroun op.

Natierlech huet d’Kréinung un der laanger Traditioun ugeknäppt, an esou sinn déi typesch Ritualer, wéi zur Zäit vum Sonnekinnek Louis XIV. Organiséiert ginn. No der Salwung vum Poopst ass den Napoléon, zesumme mat sengem Joséphine, bei den Altor erop gaangen an huet d’Zepter an d’Schwäert u sech geholl. Kuerz drop setzt hien sech dann selwer d’Kroun op.

Majo dës Aktioun hat deemools eng grouss Symbolik. Den Napoléon huet sech nämlech als Vollekskeeser betruecht, mat enger immenser Muecht. Domadder huet hien sech emol net op dem Gott seng Gnod beruff, wat säin groussen Afloss a säin héijen Afloss op d’Gesellschaft sollt markéieren.

1815 gëtt den Herrscher an der Schluecht vu Waterloo gestierzt. Um Wiener Kongress gëtt Europa nei organiséiert an déi franséisch Monarchie restauréiert.

Quellen:

Related topics Joséphine de Beauharnais, Keeserkréinung, Napoleon Bonaparte, Notre Dame de Paris, Paräis, Poopst Pius VII, What the Fakt
Next post Previous post