Search

You may also like

surprise
Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV
Kultur Neiegkeeten

Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV

Wann de Educatiounsminister sech verständlecherweis mat sengem Projet zefridde weist,

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Béier-Adventskalenner 2020

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil
Kultur Neiegkeeten

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert

Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg, wéi de Glühwäin zum Chrëschtmaart. Dëse bekannte Ballet, den vun der Schluecht vum Nossknacker a senger Arméi géint de béise Mauskinnék handelt, ass virun 126 Joer fir eng alleréischte Kéier presentéiert ginn.

D’Geschicht vum Mauskinnék ass ursprénglech vum E.T.A. Hoffmann geschriwwen, a vum Alexandre Duman ëmgeännert ginn. Aus der zweeter Versioun huet de russesche Komponist, mat senger Vertounung, ee vun de populäerste Ballete geschaf. Et war knapp ee Joer virum Dout vum Tschaikowsky, wou dëst Wierk, mat der Choreographie vum Lew Iwanow, am Mariinski-Theater zu Sankt Péitersbuerg.

Besonnesch fir déi Zäit war dem Komponist seng Iddi vum Asaz vun engem ganz neien Instrument. De sougenannten „Celesta“, den hautdesdaags feste Bestanddeel vun all Orchester ass, huet deemools de Publikum mat senge Kläng, déi un ee Klackespill erënneren, enorm faszinéiert. Anscheinend soll hien d’Vertounung vum Nossknacker als Reaktioun op déi schmäerzhaft Nouvelle vum Dout vu senger Schwëster Alexandra geschriwwen hunn. Esou wollt hie senger Schwëster an der ganzer Famill een Denkmal setzen.

Nodeems déi éischt Virféierung am Chaos säin Enn fonnt huet, well d’Dänzer mat hirer wéineger Erfarung bei der Krichszeen den Iwwerbléck verluer hunn, huet et weider 60 Joer gedauert bis de Ballet och am Rescht vun der Welt ukomm ass. An de 50er Joer huet de George Balanchine dem Wierk schlussendlech zum grousse Succès verhollef.

Haaptfigur vum Ballet ass d’Clara (am russeschen Original Mascha), wat un Helleg Owend dreemt, datt den Nossknacker, den hatt vu sengem Pätter geschenkt krut, ee Krich géint de Mauskinnék feiert. Mat der Hëllef vum Meedche kann d’Holzfigur sech schliisslech an ee Prënz verwandelen a mat him an d’Räich vun de Séissegkeete reesen.

Quellen:

Related topics Ballet, Mariinsky-Theater, Nossknacker, Russland, Sankt Péitersbuerg, Tschaikowsky, What the Fakt
Next post Previous post