Search

You may also like

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht
International Kultur Neiegkeeten Stories

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht

Um Méindegmueren huet d‘Bundesregierung beschloss, datt d‘Leit déi aus Risikolänner

Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht
International Kultur Neiegkeeten Stories

Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht

Et ware keng einfach Kollektivvertragsverhandlungen, déi et tëscht der Bundesregierung

D’Stater Geschäfter emol anescht mat „Art on the Street“
International Kultur Neiegkeeten Stories

D’Stater Geschäfter emol anescht mat „Art on the Street“

Bis de 4. Dezember 2019 presentéiert de Projet Art on

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?

D’Iddi vum Pony-Express huet eraus gestach duerch Schnellegkeet an eng intelligent Logistik – leider awer och duer de finanziellen Desaster. Um 3. Abrëll 1860 gëtt, op Initiative vum William Hepburn Russell an den USA dës Aart a Weis Post auszedroen agefouert. Mëttlerweil huet de Pony Express sech zu engem nationale Mythos entwéckelt.

Am 19 Joerhonnert hunn déi Vereenegt Staaten an der Mëtt vum Kontinent opgehalen. Dohannert war d’Indianergebitt ze fannen, an dat sech de „Wäissen“ besser net eran traue sollt. Uschléissend ass duerch de Goldrausch den nei gegrënnte Staat Kalifornien komm, sou wéi och Oregon. Wollt een tëscht dësen iwwer 3000 Kilometer ee Bréif verschécken, dat miss een entweder eng laang Rees untriede per Schëff oder et huet ee sech fir d’Postkutsch entscheet, déi allerdéngs iwwert 1 Mount ënnerwee war an och oft iwwerfall ginn ass.

Fuerchtlos Borschte gesicht!

Esou koum schlussendlech d’Konzept vum Pony Express op, woubäi jonk Kärelen d’Post ausdroe sollten. Geridde sinn si net – wéi een et vläicht unhuele kéint – op engem Pony, mee op Vollblidder oder Mustangen. Op enger Streck vu méi wéi 3.100 Kilometer si Versuergungsstatiounen opgeriicht ginn, woubäi d’Reider sech mat der Aarbecht dauernd ofgewiesselt hunn, wéi bei enger Aart Staffellaf.

pony-express

D’Pony-Kaart weist de Streckewee

Laut der Annonce sinn jonk an immens dënn Borschte gesicht ginn, déi perfekt mam Päerd ëmgoe kënnen a keng Angscht virum Dout hunn. Esou ware Weesekanner beispillsweis gäre gesinn. Beim Liese vun der Offer kann engem dann de Gedanke kommen, datt dëst wierklech eng geféierlech Aarbecht ass, bei der ee mam Liewe kéint bezuelen. A genau esou war et och!

De Wee duerch d’Gebitt vun den Indianer war verbonne mat Iwwerfäll oder mat der Exekutioun duerch Feiler. De 14 Joer jonke Billy Tate gëllt als ee vun de legendäre Reider vum Pony Express. Als grousst Talent um Päerd konnt hien nëmme vu positive Kritike profitéieren, woubäi och hie mam Liewe bezuele misst, nodeems en vun den Indianer erschoss ginn ass.

pony-express

De Frank E. Webner, Pony-Express-Reider, ëm1861

Den Ufank vum Enn

Um 3. Abrëll 1860 ass déi éischt Post mam Pony-Express eraus gaangen. Begleet vun enger grousser Fanfare an dem Gejubel vun den Duerfbewunner sollt de Bréifdréier beispillsweis Post vum James Buchanan fir den John Downey transportéieren. Am ganzen hu 40 jonk Bouwen sech gemellt, woubäi all Reider ongeféier 120 Kilometer vum Wee gemaach huet, bis en dem Nächsten d’Post viru ginn huet. Esou huet et just 10 Deeg gedauert bis een zu St. Joseph seng Post aus Sakramento kritt huet.

Vun dësem Pony-Express stamen och d’Legende vum William „Buffalo Bill“ Cody. Hie soll mat jonke 14 Joer anscheinend beim Postservice ee Wee vun 22 Stonnen an 480 Kilometer op sech geholl hunn, an deenen hien ënnert anerem virun den Indianer flüchte misst.

D’Fassade bréckelt

Just 18 Méint konnt de Pony-Express bestoen. Mam Fortschrëtt vun der Technik an der Erfindung vun der Telegrafie sinn déi geféierlech Missioune vum Postservice mat Päerd quasi net méi gebraucht ginn. D’Iwwerdroe vu codéierten Noriichten iwwert eng geografesch Distanz war schliisslech méi einfach, schnell a sécher, wouduerch de Pony-Express seng Bedeitung verluer huet.

Related topics Bréifdréier, Buffalo Bill, Pony-Express, Post, USA, What the Fakt
Next post Previous post