Search

You may also like

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
International Neiegkeeten Stories

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn
International Neiegkeeten Stories

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn

Datt et schonn Enkpäss beim „operative“ Personal (Infirmier/Aide-soignant) gëtt, dat

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
International Neiegkeeten Stories

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

What the Fakt – Vum Beatle zum Ritter erhuewen

What the Fakt – Vum Beatle zum Ritter erhuewen

Um 11. Mäerz 1997 huet d’Queen Elizabeth II. de Paul McCartney, Member vun de legendäre Champignonskäpp, zum Ritter geschloen. Als risege Fan vum britesche Kinnekshaus war et dem Ex-Beatle eng immens Éier am Buckingham Palast nidderzeknéien an de Ritterschlag zum „Knight Bachelor“ ze empfänken.

Schonn als klengt Kand war de McCartney begeeschtert vum Adel a Groussbritannien. Mat 11 Joer huet hien een Dissertatiounsconcours gewonnen, bei deem een ulässlesch zur Kréinung vun der Kinnigin eng Lueweshymn schreiwe sollt. Och als Musek-Star gëtt hien, zesumme mat senge Band-Kollegen, vun der Queen op Dinneren invitéiert an esou duerften de McCartney och als Éieregaascht beim Krounjubiläum optrieden.

Am Joer 1965 hunn d’Beatles-Memberen John, Paul, George a Ringo den „Order of British Empire“ erhalen. Dëse britesche Verdéngschtuerden stoung am Rang zwar um ënneschten Niveau, mee et war alt emol dat. Op den erséinte Ritteschlag vun der britescher Majestéit konnt de Paul McCartney, den 1942 zu Liverpool gebuer ginn ass, allerdéngs laang waarden.

buckingham palace

De groussen Dag

Um 11. Mäerz 1997 war et dunn endlech esou wäit: Mat Frack a Krawatt kënnt den Ex-Beatle zur Zeremonie. Dësen entscheedenden Dag sollt hien awer eleng erliewen, seng Band-Kollegen sinn net mat dobäi an och seng Fra, déi u Kriibs erkrankt ass, packt et net, vir bei dësem wichtege Moment present ze sinn. „Et ass komesch ouni déi aner dräi hei ze sinn. Ech kucken dauernd hannert mech, ob si net awer do sinn“, seet de McCartney bei der Kréinung.

Héiflech a mat groussem Respekt knéit den deemools 55 Joer ale Museker virun der Queen néier a gëtt zum Ritter erhuewen. Ab dësem Zäitpunkt kann hie sech feierlech Sir Paul McCartney nennen. Seng ehemooleg Band-Kollegen hunn de frësch gebakene Ritter als „Ä Hellëgkeet“ ugeschwat a veräppelt, wat de Paul awer locker lässeg mat engem Grinsen opgeholl huet.

Wisou de Ritterschlag?

Zwee Mol am Joer zeechent d’Kinnigin Elizabeth II. Ausgewielte Leit fir hir besonnesch Leeschtungen aus. No dësem Verdéngschtuerden dierf ee sech „Sir“, „Madamm“ oder „Lady“ nennen. Ënnert anerem si scho Staren wéi de Sean Connery, de Bob Geldorf oder d’Helen Mirren zu dëse Status erhuewe ginn. Wien allerdéngs net déi britesch Nationalitéit huet kann d’Auszeechnung zwar erhalen, dierf awer den Titel net droen.

Related topics Buckingham Palace, Groussbritannien, Paul McCartney, Queen Elizabeth II, Ritterschlag, Sir, What the Fakt
Next post Previous post