Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Schëffleng?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

[onionbuzz quiz-id=175][/onionbuzz] Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg
Neiegkeeten

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg

Iwwer zéng Méint laang haten sech eng 70 Experte mam

Gréng Fraktiounscheffin am Clinch mat Fage
Neiegkeeten

Gréng Fraktiounscheffin am Clinch mat Fage

Wie mengt et kéint een et net jidderengem Recht maachen,

What the Fakt – De Sputnik huet firun 61 Joer iwwert eise Käpp gekreest

What the Fakt – De Sputnik huet firun 61 Joer iwwert eise Käpp gekreest

Den éischte kënschtlechen Äerdsatellit Sputnik 1 gouf de 4. Oktober 1957 vun der Sowjetunioun an de Weltall geschoss. Mat der Aktioun hunn si de Westen schrecklech schockéiert an hir technologesch Iwwerleeënheet bewisen.

Et misst mëttlerweil bekannt sinn, datt d’USA an d’Sowjetunioun sech am Kale Krich mat hiren Ideologie géigeniwwer gestanen hunn. Do wou de Westen Kapitalismus a fräi Demokratie gefuerdert huet, stoung hire Géigner fir de Kommunismus.

Et geet drëm Muecht ze demonstréieren

D’Rivalitéit tëschent Osten a Westen gouf op allen Niveauen ënner Beweis gestallt, sou och an der Raumfaarttechnik. Fir eng technesch Iwwerleeënheet an ee militäresche Virsprong ze kréien ass et zum Wettlaf an d’Weltall komm.

Mam Eropschéisse vum Satellit Sputnik 1, wat op russesch „Begleeder“ heescht, huet den Osten net nëmmen hire Fortschrëtt an der Technik, mee och ee Virdeel op militärescher Siicht gewisen: d’Reechwäit vun hire Rakéiten ass net ze ënnerschätzen.

No dësem Schock hunn d’USA direkt gehandelt an enorm an hir Bildungssystemer investéiert. Virun allem Mathematik, Chimie a Physik gouf vill méi gefuerdert, fir sou dem Géigner erëm iwwerleeën ze sinn. Dowéinst ass hinnen am Joer 1969 mam Neil Armstrong och déi éischt Moundlandung gelongen.

E puer technesch Informatiounen

De Satellit hat ee Gewiicht vun 83,6 Kilogramm a war mat enger Gréisst vun 58 Zentimeter Duerchmiesser (just d’Kugel) duebel esou grouss wéi ee Medezinball. Rechent een elo d’Antenn derbäi bedréit d’Gesamtlängt tëschent 2,4 an 2,9 Meter. De Satellit ass 288 bis 947 Kilometer iwwert der Äerd geflunn an huet den Trabant an 92 Deeg 1,440 Mol (ronn 60 Millioune Kilometer) emkreest.

Quellen:

Foto: © NASA/Asif A. Siddiqi

Related topics Satellit, Sowjetunioun, Sputnik, USA
Next post Previous post