Grouss Nofro bei der Summerschool 2021
No der grousser Nofro vum leschte Joer kann déi sougenannte
No der grousser Nofro vum leschte Joer kann déi sougenannte
Wéi e Spriecher vun der EU-Kommissioun et en Donneschdeg matgedeelt
Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger
Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte Geschicht mam Vincent Van Gogh sengem ofgetrennten Ouer säin Ufank fënnt. Um kale Sonndeg 1888 huet den nidderlänneschen Autodidakt sech an der Stad Arles a Südfrankräich selwer mutiléiert. Oder och net? Wat ass drun um Mythos?
Mir kennen all d’Geschicht, datt de Van Gogh, ee vun de bekanntste Moler am spéiden 19. Joerhonnert, datt hien säin Ouer, an der kënschtlerescher Verrécktheet, ofgeschnidden hätt. Fir unzefänke sollt een awer direkt emol feststellen, datt de Moler sech just ee Stéck vu sengem lénken Ouerläppchen ofgetrennt huet, an dat no enger Ausenanersetzung mat sengem Kënschtlerkolleg, dem Paul Gauguin.
Déi zwee haten a Südfrankräich, fir genau ze sinn zu Arles, een Atelier zesummen. Wou hien den 20. Februar 1888 an déi immens faarweg Stad geplënnert ass, si ronn 187 Biller entstanen. Ufank Mee huet hien véier Zëmmer an engem Haus un der Place Lamartine gelount. An dem giele Gebai ass dunn den „Atelier vum Süden“ ageriicht ginn.

Dem Van Gogh säin Zëmmer zu Arles, natierlech selwer gemolt.
Tëschent dem 23. Oktober an 23. Dezember 1888 hunn déi zwee Kënschtler am Atelier geschafft, woubäi de Van Gogh awer net verstanen huet. Datt de Gauguin eng ganz aner Konschtphilosophie verfollegt. No ville Streidereien huet den Iddi vum Atelier een Enn fonnt. De Van Gogh krut eng Nervekriis, de Gauguin ass ouni ee Wuert ofgereest.
Zimlech nieft der Spur soll den nidderlännesche Moler dunn ee Stéck vum Ouer ofgeschnidden an et mat an de Puff geholl hunn. Hei huet hien et enger Prostituéierter geschenkt a gesot „Du wäerts dech menger erënneren, dat soen ech dir!“. D’Police huet hien den Dag drop bewosstlos a senger Wunneng fonnt, geschwächt vum héije Bluttverloscht.
Duerch seng Iwwerreiztheet, Iwweraarbechtung a Sucht nom Absinth huet hien sech schliisslech aweise gelooss. Esou gëtt d’Geschicht op alle Fall ëmmer erëm erzielt. Wat da elo wierklech geschitt ass, kann ee wuel ni erausfannen. An awer gëtt et mëttlerweil nach eng aner Theorie.
D’Rita Wildegans, Konschthistorikerin, an den Hans Kaufmann (pensionnéierte Proff) schloen am Buch „Van Goghs Ohr. Paul Gauguin und der Pakt des Schweigens“ eng ganz aner Interpretatioun of. Si behaapten, datt et de Paul Gauguin war, den am Sträit sengem Kolleg um Ouer wéi gedoen huet. Uschléissend soll hien de Mythos vum Van Gogh senger Selbstverstümmlung an d’Welt gesat hunn, fir sech selwer ze schützen.
Beweiser dofir soll et och ginn. Bei hire Recherchë sinn si op een Artikel vun der Zeitung „Forum Républicain“ vum 30. Dezember 1888 gestouss. Hei gëtt beschriwwen, datt déi Prostituéiert am Bordell gesot krut, datt si gutt op de Géigestand oppasse soll. Nodeems si schwaach gefall ass huet den Dr. Félix Rey hir Ausso bestätegt. Ausserdeem erklären d’Auteuren, datt ee vun enger Ouerläppcheverletzung net esou vill bludde kann, datt een schwaach ëmfält.
Et ass vläicht just ee Sträit ëm e puer Zentimeter Fleesch, an awer kann een esou dat komplett Bild vum Kënschtler änneren. War hien elo een psychesch kranken Alkoholiker oder just Opfer vun engem aggressive Kënschtlerkolleg?
Quellen: