What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten
Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an
De 27. Februar steet ganz am Zeeche vum wëlle wäisse Bier aus der Polarregioun. Dobäi huet dësen Aktiounsdag een eeschten Hannergrond: de Schutz vum bedreeten Déier a sengem Liewensraum soll nees seng Plaz am ëffentleche Bewosstsinn anhuelen.
Säit Joren huet d’Gattung vum Äisbier (Ursus maritimus) mam Problem vun der Äerderwiermung ze kämpfen. Doduerch schmëlzt de Liewensraum vun dësem Raubdéier an den nërdleche Polarregiounen, wéi beispillsweis Alaska oder Grönland, ëmmer méi ewech. Mëttlerweil ass den Äisbier scho bal zum Symbol vun der Klimaschutzbeweegung ginn an esou soll um internationalen Äsibierdag op d’Gefärdung vun dëser Déieregattung opmierksam gemaach ginn.
Hannergrond
Viru 15 Joer ass dësen Aktiounsdag an d’Liewe geruff ginn. Säithir spendéiert de Verband vun den US-amerikaneschen Zooen den Déieren um 27. Februar eng Extraportioun Fudder. Och vun diversen Ëmwelt- an Déiereschutzorganisatioune, wéi de WWF oder Polar Bears International (PBI) gëtt den Dag genotzt, fir esou op de Klimawandel opmierksam ze maachen.
A genau dës Organisatioune liwweren erschreckend Zuelen. Et gëtt geschat, datt weltwäit just nach 25.000 Äisbieren op dëser Welt liewen. Dovu befannen sech ronn zwee Drëttel vun der Populatioun op kanadeschem Terrain. A genau dës Unzuel soll, laut WWF, bis 2050 komplett ausgestuerwe sinn.
D’Schmëlze vum Äis an de Polarregioune gëtt duerch d’Äerderwiermung provozéiert. Doduerch verschwannen déi gefrueren Uewerflächen um Gewässer an de Bier ka keng Robbe méi joen, déi zu senger natierlecher Fudderquell gehéieren. Donieft ass esou och d’Opzéie vu jonken Déieren duerch d’Verschwanne vum Liewensraum staark beaflosst. Dobäi bestëmmt d’Fortplanzung den Erhalt vum Äisbier.
D’Klimawëssenschaftlerin Katherine Hayhoe seet „Wann et ëm d’Bekämpfung vum Klimawandel geet, brauche mir all Optiounen um Dësch an all d’Hänn um Deck.“ Esou ka jiddwereen säin Deel dozou bäidroen, d’Äerderwiermung anzedämmen. Déi néideg Mesurë fannt Dir HEI.
Donieft offréiert de PBI un dësem Dag een Austausch mat Experten, den live iwwert hire Facebook-Site iwwerdroe gëtt. Esou kann ee verschidde Wëssenschaftler a Kollaboratioune kenneléieren, Informatiounen zu de wäisse Polarbiere kréien an eege Froe stellen. De genaue Programm an Oflaf kënnt Dir HEI noliesen.
5 erstaunlech Fakten zum Äisbier
© PBI
© PBI
© PBI
© PBI
© PBI
Trotzdeem soll ee bedenken, datt een Äisbier kee Petzi fir ze kuschelen ass. Een Zoo gehéiert net zum natierleche Liewensraum vun engem Déier an et soll ee sech ëmmer erëm bewosst ginn, datt dëst Déier, trotz liichtende schwaarzen Aen, Stupsnues an décke Patten ee wëllt Déier ass, wat vum Ausstierwe bedreet ass.
Quellen: