Search

You may also like

Multiple Sklerose gëtt vu villen nach ëmmer net richteg verstanen, wat d’Liewe vun de Betraffene net méi liicht mécht
Kultur Neiegkeeten Stories

Multiple Sklerose gëtt vu villen nach ëmmer net richteg verstanen, wat d’Liewe vun de Betraffene net méi liicht mécht

D’Multiple Skleros gehéiert zu de sougenannten “onsiichtbare Behënnerungen”. Dëst bedeit

Oktav 2020: Eng digital Schlussprëssessioun
Kultur Neiegkeeten Stories

Oktav 2020: Eng digital Schlussprëssessioun

Nom Erfolleg vun der digitaler Eemaischen gëtt elo och d’Oktav

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren
Kultur Neiegkeeten Stories

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Um 18. Juni 2019 stellt d’Fabienne Gilbertz de Verlag Lochness

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och bei eis am Land immens bekannt duerch seng Billergeschichten. Mat de spannenden Aventurë vu sengen erfonnte Personnagë begeeschtert hien nach ëmmer Grouss a Kleng, an dat mat Wierker wéi „Max a Moritz“ oder „Hans Huckebein“. Haut virun 111 Joer ass den aflossräichen däitschen Dichter gestuerwe.

Um 15. Abrëll 1832 ass den Heinrich Christian Wilhelm Busch an der Géigend vun Hannover gebuer ginn. Als eelst vu siwe Kanner hat hien et deemools net einfach an huet ënner staarke Selbstzweiwel gelidden, wouduerch hie spéider säi Studium ënnerbrieche misst. No engem kuerzen Abléck an de Studium vum Maschinnebau huet de jonke Kärel gemierkt, datt dat net esou senges ass an huet sech uschléissend fir d’Konscht entscheet.

Schnell huet hien erausfonnt, datt hien eng duebel Begabung huet. Säin immenst Talent am Zeechnen a Schreiwen hat fir hie selwer awer net nëmme Virdeeler. Wéi sou oft bei Kënschtler huet och de jonke Wilhelm Busch ënnert dëser Laascht gelidden a war vu schrecklechen Onsécherheete geplot. Tëschent 1854 an 1868 huet den talentéierte Mann net nëmme Gedichter geschaf, mee och nach Opernlibretti, Molwierker, Märchen- a Sangspiller. Och an der Molerei, wouropper hien sech eigentlech spezialiséiere wollt, war hie mat 1.000 Uelegbiller net grad faul. Trotzdeem war et eng grouss Enttäuschung, datt hien einfach keen Uklang beim Publique fonnt huet.

Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall

Mat 25 Joer huet de Wilhelm Busch ugefaangen, bei engem satiresch-humoristesche Journal ze schaffen, wou hien endlech eng Mëschung aus Text a Karikature verëffentleche konnt. No an no huet den talentéierte Mann ee ganz individuelle Schreifstil entwéckelt, wou hie mat enger ongezwongener Sproch a Verbindung mat Zeechnungen seng kritesch Astellung iwwermëttelt huet.

Déi deemoleg Gesellschaft war awer wuel nach net bereet fir dës Kritik an huet seng Wierker falsch interpretéiert. Seng ironesch Duerstellung vun erwuessene Leit als Spießbierger, d’Gewalt, d’Dämonen, den Dout an dat Béist ass de meeschte Lieser net opgefall, obwuel de Wilhelm Busch seng Wierker ëmmer mat humoristesch-groteske Biller ënnerstëtzt huet.

Am Joer 1865 huet de Kënschtler mat sengem wuel populäerste Projet ugefaangen. Am weltberühmte Kannerbuch erzielt hien d’Geschicht vun de Bouwe Max a Moritz, bei deenen d’Erzéiung net wierklech fonctionnéiert huet a si eng Spiicht no der anerer maachen. Nieft dem „Struwwelpéiter“ vum Heinrich Hoffmann huet d’Buch „Max a Moritz“ grousse Succès erlieft a gouf an iwwert honnert Sproochen iwwersat. D’Kritiker bezeechnen d’Wierk zu senger Zäit awer als moralesch verwerflech an als Gefor fir d’Kanner. Dobäi ass d’Billergeschicht net als Kannerbuch geduecht, mee als Satir a Kritik un der Gesellschaft ze verstoen.

Wilhelm Busch

D’Geschicht vum Fräsch, den fléie wollt

Ufanks hat de Wilhelm Busch just déi dräi Karikature mat dem dozou passende Saz geschaf. Spéider sinn d’Versen als leschten Ofschnëtt beim Gedicht „Fink un d’ Frosch“ nach emol opgegraff ginn. Generell geet et dorëm, datt ee Fräsch op een Aascht klëmmt an ee Gespréich mat sengem Noper, dem Fank huet. Wou de Villche fortflitt, wëll de Fräsch ëm dëst nomaachen a muss schmäerzhaft feststellen, datt hie jo net fléie kann.

Wilhelm Busch

Wenn einer, der mit Mühe kaum
Gekrochen ist auf einen Baum,

Wilhelm Busch

Schon meint, daß er ein Vogel wär,

Wilhelm Busch

So irrt sich der.

Quellen:

Related topics Auteur, Max a Moritz, Satire, Struwwelpéiter, What the Fakt, Wilhelm Busch
Next post Previous post