Search

You may also like

OpenLux: Der Steieroas Lëtzebuerg soll d’Handwierk geluecht ginn
International Kultur Neiegkeeten Stories

OpenLux: Der Steieroas Lëtzebuerg soll d’Handwierk geluecht ginn

No der LuxLeaks-Affär gouf elo ënnert dem Numm „OpenLux“ déi

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn
International Kultur Neiegkeeten Stories

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn

Passend zum Autofestival hat Youth for Climate Luxembourg eng Aktioun

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!

Fans vum digitalen Zäitalter an der Notzung vum Internet opgepasst: Haut viru 26 Joer ass de WorldWideWeb (WWW)net nëmme méi fir de Militär zur Kommunikatioun, mee als Technologie fir déi ganz Welt fräigi ginn. Mat HTML an HTTP ass schliisslech den Internet entstane, wéi mir en haut kennen: den Informatiounsiwwerfloss aus Biller, Texter, Links, Audio- a Videomaterial!

Fir iwwerhaapt emol an den Internet eran ze kommen, huet ee missen technesch begaabt sinn. Per Telnet oder FTP huet een als éischt emol misse probéieren, fir an d’Netz ze kommen, ier een da mat der komplizéierter Computer-Sprooch der komescher Këscht matdeelen, datt een eppes agi wëll. Dem Tim Berners-Lee war dat ze ëmständlech an esou huet hie sech ëm eng Vereinfachung vun dësem Virgank gekëmmert. Dozou huet de schlaue Kapp de WorldWideWeb als éischte Browser entwéckelt.

WorldWideWeb

Deemools sot hien: „De Web soll de Leit, déi zesumme schaffen oder déi selwecht Interessen hunn, een eenheetleche gemeinsamen Informatiounsraum schafen.“ Patentéiere léisst hie säi WWW net, schliisslech soll et jo als fräit Medium jiddwerengem zougänglech bleiwen. Mëttlerweil kann ee sech d’Liewen ouni Internet bal net méi virstellen. Déi einfach Notzung mëscht den Internet immens beléift, sief et fir eng Adress oder Telefonsnummer ze sichen, op Social Media e bëssen ze kucken oder och Informatioune fir ee Projet ze sammelen.

D’Urspréng leie beim Militär

D’Geschicht vum Internet läit an de spéide 50er Joer, wou d’Militär an den USA . Am Joer 1957 ass nämlech den Optrag eragaangen, een Kommunikatiounsnetzwierk ze entwéckelen, dat och am Fall vun engem Atomkrich funktionéiert. Och wann eenzel Netzkniet asufale, sollt d’Kommunikatioun bestoe bleiwen. Gläichzäiteg sollt awer och d’Problematik vun der deemools gerénger Rechekapassitéit duerch d’Vernetzung vu ville Computere geléist ginn.

WWW

No intensiven Aarbechten ass esou 12 Joer méi spéit ARPANET am amerikanesche Verdeedegungsministère erauskomm. Och Universitéiten an divers Fuerschungsinstitutioune sinn an d’Entwécklung mat abezu ginn bis sech déi militäresch Notzung och fir déi normal Bevëlkerung als nëtzlech erausgestallt huet. Am Joer 1972 koum et dunn zum éischten immensen Erfolleg: duerch ee Programm konnt eng E-Mail geschéckt an empfaange ginn!

An den 80er Joer ass dat mëttlerweil risegt Netzwierk MILNET, wéi et an Tëschenzäit vum Militär genannt ginn ass, vun ARPANET getrennt ginn. Mat der Fräigab fir kommerziell Zwecker ass schlussendlech een neie Kapitel an der Geschicht vum Internet ugaangen!

Related topics Browser, HTML, HTTP, Internet, Kommunikatioun, Militär, What the Fakt, WorldWideWeb, www
Next post Previous post