Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest
Sollt ee vläicht dovunner ausgoen, datt de Viktor Orban iwwerzeegt
Sollt ee vläicht dovunner ausgoen, datt de Viktor Orban iwwerzeegt
Milliounen Amerikaner hunn et schonn hannert sech bruecht, an hir
Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung. Mam 7. Februar gëtt den Optakt vun der Vältes-Woch zelebréiert, an dat mam internationalen Dag vun der Rous. Dobäi ass dës Blumm dat absolut Zeeche vun der Léift.
Vältesdag u sech ass eigentlech just den Ofschloss vun enger ganzer Aktiounswoch, déi iwwert d’Léift handelt. Ob et sech bei dëser Woch ëm eng amerikanesch Marketing-Strategie handelt, oder wouhier déi vill Aktiounsdeeg kommen, ass leider net gewosst. Sou sinn déi kommend Deeg folgendermoossen opgedeelt:
D’Sprooch vun de Blummen
Scho viru laanger Zäit hunn d’Mënschen de Blumme verschidden Eegenschaften zougesprach. Dobäi si verschidde Bedeitungen méi einfach ze erklären, wéi anerer. An awer geet et bei der Blummesprooch ëmmer ëm Gefiller a besonnesch Ereegnisser am Liewen.
Eng Theorie wou d’Sprooch vun der Blumm hierkënnt staamt aus dem 18. Joerhonnert. Deemools ass d’Lady Mary Wortley Montagu op eng Rees an d’Tierkei opgebrach an huet a Bréiwer vun hiren Erliefnisser erzielt. Dobäi huet si dann och ënnerstrach, datt d’Leit am Orient gären mat Blummen kommunizéieren. Esou huet d’Lady Mary dës Traditioun mat Heem bruecht an een Zeechesystem unhand vu Blummen entwéckelt.
Dobäi huet een dann awer missten immens virsiichteg sinn, wëll all Blummenzort, all Putsch an all Unuerdnung hat seng eege Bedeitung. Am Ufank gouf esou mat ganze Straiss kommunizéier, spéider sinn dann komplizéiert Mëschungen entstanen, déi eng ganz Geschicht mat villen Detailer ausgedréckt hunn. Do ass och kee Wonner, datt ee jonke Kärel, deen zu der Zäit ee Meedchen flott fonnt huet, immens misst oppassen, wat hien senger grousser Léift schenkt, net datt d’Madamm herno nach beleidegt wier.
Sou steet Wäiss beispillsweis ëmmer nach fir d’Onschold a reng Léift. Giel soll dogéint fir d’Frëndschaft a liicht Verléiftheet stoen, wougéint Mof d’Léift op den éischte Bléck symboliséiert. Rosa gëllt als verspillt a kann souwuel Dankbarkeet,wéi och Sympathie an Zouneigung ausdrécken. Mee net nëmmen d’Faarwen hunn eng ganz speziell Bedeitung, och d’Blumm selwer huet een eegene Symbolcharakter.
Esou kann ee sech scho bal denken, datt d’Rous weltwäit als Zeechen fir Leidenschaft a Léift steet, op alle Fall, wa se dann rout ass. D’Bedeitung vun der Gerbera steet éischt dofir, datt mat der Persoun, der een se schenkt, alles méi schéin gëtt. Esou ass dës Blumm ideal, fir engem Kolleg, der Famill oder dem Noper ze schenken. Och bei der Sonneblumm kann een staark dovun ausgoen, datt d’Blumm eppes mat Frou-sinn ze dinn huet. Si symboliséiert Spaass a Wäermt, a seet op éierlech Aart a Weis aus, datt ee frou mat engem ass.
Wëllt Dir ärer Léifsten also deemnächst eng Blumm schenken, esou rentéiert et sech schonn, am viraus e bësse Recherche ze maachen. Esou mierkt een och, datt dir Iech bei dësem blummege Cadeau Gedanken ëm d’Bedeitung gemaach hutt.
A wat wier nieft Blummen nach ee schéine Cadeau? Majo ee flotte 6-Gänge Menü am Hôtel de la Sûre! Dir sidd häerzlech agelueden, bei eisem Gewënnspill matzemaachen – a mat e bëssen Chance gewannt Dir dëse phenomenale Präis, den Dir mat ärer/ärem Léifsten genéisse kënnt. Mir wënsche vill Gléck!