Search

You may also like

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten
Neiegkeeten

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten

Déi 14. Editioun vum Konschtpräis Robert Schuman ass offiziel lancéiert.

money
Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?
Neiegkeeten

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

D‘Experte schéngen sech eens ze sinn: 2019 kënnt et zur

Covid19-Strategie: Alles eng Fro vu Kommunikatioun
Neiegkeeten

Covid19-Strategie: Alles eng Fro vu Kommunikatioun

Datt et am Bezuch op d‘Kommunikatioun ganz allgemeng zolidd Problemer

What the Fakt – Internationalen Dag vum Hond

What the Fakt – Internationalen Dag vum Hond

Do ass wuel een op den Hond komm! Wisou soss gëtt haut den Dag vum weltwäit beléiftsten Hausdéier vum Mënsch gefeiert?

Zum Ursprong an dem Choix vum Datum ass nees näischt bekannt. Fest steet, datt de Muppes de beschte Frënd vum Mënsch ass, duerch säin treit a sensibelt Wiesen. Et sinn einfach Häerzer op véier Been, déi eis vill Freed bereeden an ee gutt Stéck vun eisem Liewe begleeden.

Vum Wollef zum Hond

Den Hond staamt vum Wollef of a war viru 15.000 Joer nach de Fein vum Mënsch. Zur Zäit, wou mir nach als Jeeër an Nomaden an der wëller Natur op der Sich no Iesse waren huet de Wollef ee geféierleche Géigner a Friessfeind duergestallt.

Eng Sympathie ass eréischt entstanen, wou de Mënsch sesshaft ginn ass. D’Wëssenschaftler ginn dovun aus, datt de Wollef sech an d’Géigend vum Mënsch getraut huet, fir u Fudder ze kommen. Dësen huet d’e Wollef als Notzdéier gehalen.

Mat der Zäit konnt dat wëllt Déier domestikéiert ginn an huet sech un déi mënschlech Ëmgéigend ugepasst. Schlussendlech ass doduerch eng nei Déierenaart entstanen, den Hond.

Hond

Mat Hond lieft et sech méi glécklech

Schonn eleng spadséiere goe mam Hond wierkt sech, no aktuelle Studien, positiv op eis psychesch Gesondheet aus. De Wuffi muss nämlech bei all Wierder eraus, a genau dovu profitéiert eist Wuelbefannen enorm. Et ginn awer nach weider gutt Grënn een Hond ze hunn:

  • Tréischtend Eegenschaften: A schwierege Situatioune steet eist treit Déier eis ëmmer zur Säit. Traureg Emotioune spieren d’Hënn nämlech n probéieren eis da mat hirer léiwer Schnuff opzemonteren. Doduerch fillt ee sech manner eleng an Depressioune gi virgebeugt.
  • Freed mat véier Patten: Et ass ee wonnerschéint Gefill mat Freed doheem empfaangen ze ginn, och wann ee just fir 30 Minutten akafe war. Ee Bléck an déi trei Aen a schonn huet ee gutt Laun. Doniewent bréngt och d’Tollpatschegkeet vum Hond zum laachen, an dat ass gesond.
  • Sportlech Aktivitéit: No engem laangen Dag um Büro deet et net nëmmen eisem Komerod gutt, un déi frësch Loft ze kommen. Mat sou enger Begleedung mëscht Beweegung direkt méi Spaass.
  • Nei Kontakter: Beim trëppele goe mam Hond gëtt een oft ugeschwat, a wann et och just ass, fir eppes iwwert den Hond ze wëssen. Jee nodeem entsteet doraus awer och méi wéi just eng kleng Kosettchen.

Don’t shop – adopt!

Momentan waarde vill Hënn an den Déierenasyler op eng nei Famill. Leider si vill Leit sech beim Kaf vun engem Hond net am kloren, datt den zockerséisse Bebe-Hond och emol grouss gëtt an méi braucht, wéi Schlof a Fudder. Och al Hënn, handicapéiert Muppen oder krank Pelznuesen hunn ee grousst Häerz. Dofir soe mir: Don’t shop – adopt!

A wien méi Informatiounen zum Haale vun Hënn am Grand-Duché braucht sollt mol op dëse Site luusse goen: agriculture.public.lu

Quellen:

Related topics Hond, Léift, Mupp, What the Fakt, Wollef
Next post Previous post