Search

You may also like

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!
Neiegkeeten

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!

Déi nächst temporär Ausstellung vum Lëtzebuerger Dokumentatiounszentrum vun der Migratioun

Mini-Entreprise „StayCation“ – Vakanz fir Doheem
Neiegkeeten

Mini-Entreprise „StayCation“ – Vakanz fir Doheem

De Wonsch friem Länner ze bereesen an aner Kulture kennenzeléieren

Op wat sech d‘Ursula von der Leyen agelooss huet (eng Analys)
Neiegkeeten

Op wat sech d‘Ursula von der Leyen agelooss huet (eng Analys)

Dat war keng „einfach“ Saach, déi nei EU-Kommissioun zesummenzekréien an

Sech elo den Erausfuerderunge stellen!

Jo! zum Wuelbefanne vun de Kanner – Nee! zu engem blannen an onnëtzen Aktivismus

Sech elo den Erausfuerderunge stellen!

Zanter elo iwwert ee Joer bestëmmt d‘Covid19-Kris eisen Alldag a stellt eis Schoule virun enorm Erausfuerderungen. D‘Restriktiounen an d‘Ufuerderungen déi de Kampf géint d‘Pandemie engem hei imposéiert, hunn ee schwéieren Impakt op d‘Schoulpopulatiounen an oft fillen sech d‘Kanner, wéi och d‘Enseignante vun dëser Situatioun iwwerfuerdert, déi einfach keen Enn huele wëll.

Vill Enseignante komm un de Wupp vun deem wat méiglech ass, an deen een oder anere steet virun der Iwwerbelaaschtung. D‘Wuelbefanne vun de Schüler an den Enseignante läit eis besonnesch um Häerzen, firwat mir scho „bestierzt“ waren, wéi mir gewuer goufen, datt den Educatiounsministère den Enseignanten, am Kontext vun der Initiativ „Wuelbefanne vun de Kanner“, elo och nach eng Visiokonferenz mat den Elteren imposéiert. Dat als Complement zu den individuelle Gespréicher, déi am Kader vun de Remise vum trimesterielle Bilan, wéi de villen Echangen tëscht Enseignanten an Elteren am Cycle 4.2, stattfannen.

Hei dierf drop higewise ginn, datt dës Period esou schonn, also ouni déi envisagéiert Gespréicher mëttels Visiokonferenz, fir d‘Klasse-Regenten zolidd ustrengend ass a vun dësen eng renforcéiert Disponibilitéit an der Schoul ofverlaangt.

Den nationale Syndikat vun den Enseignanten (SNE/CGFP) erkennt un, datt et besonnesch an dëse Pandemie-Zäite wichteg ass, op d‘Wuelbefanne vun de Kanner uecht ze doen. D‘Gewerkschaft weist awer drop hin, datt déi Enseignanten, wou all Dag Kontakt mat hire Schüler hunn, net op eng Pandemie gewaart hunn, fir sech Gedanken iwwert d‘Wuelbefanne vun de Kanner ze maachen, an op hir mental Gesondheet uecht ze doen. D‘Enseignante sinn all Dag opmierksam an lauschteren hire Schüler an dären Elteren no. Si bidden déi Hëllef un déi si leschte kënnen.

Et ass awer genee esou wichteg festzestellen, datt Enseignante gemooss un hirer Ausbildung, keng Psychologen an/oder Therapeute sinn. Elo awer duerchlafe mir aktuell eng Period déi d‘Land esou nach net kannt huet, an déi en däitlechen Impakt op d‘Kanner huet, deenen hiert Liewe ganz staark perturbéiert ass. Kanner sinn empfindlech fir Suergen an Angscht. Et kann ee bei eenzele Kanner den Ausdrock vun Onwuel, jo esouguer eng Verschlechterung vu psychesche Stéierunge feststellen.

Wann dat de Fall ass, esou ass den SNE/CGFP der Usiicht, datt den Impakt vun der Pandemie op déi mental Gesondheet vun de Kanner, eng professionell psychologesch Prise en Charge verlaangt. Déi muss vu kompetente Servicer geleescht ginn.

Et dierf nach betount ginn, datt den nationale Syndikat vun den Enseignanten net opposéiert ass, datt d‘Enseignanten de Sujet „Wuelbefanne vun de Kanner“ mat den Eltere behandelen. Et ass een awer de Meenung, datt een dofir keng separat Visiokonferenz mat den Eltere brauch. Esou ee Sujet kann een duerchaus am Kontext vun den individuelle Gespréicher, déi et um Enn vum Trimester gëtt, behandelen.

De SNE/CGFP weist drop hin, datt déi individuell Gespréicher souwisou besser gëeegent sinn, de Sujet ze thematiséieren, wéi dat an enger kollektiver Reunioun méiglech ass. Schonn d‘Natur vun de kollektive Reuniounen, verhënnert de vertrauleche Charakter vun den Diskussiounen. Et dierf een och unhuelen, datt wéineg Eltere gewëllt sinn, hir Problemer an d‘Ëffentlechkeet ze bréngen.

Dat gesot, exigéiert den nationale Syndikat vun den Enseignanten, SNE/CGFP datt d‘Elteren an d‘Enseignante vun den individuelle Gespréicher bei den intermediaire Bilane profitéieren, fir sech och iwwert d‘Wuelbefanne vun de Kanner ze ënnerhalen.

Matgedeelt vum nationale Syndikat vun den Enseignante SNE/CGFP – fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Ratiou Bia / unsplash

Related topics Educatiounsministère, Enseignanten, Kanner, Schüler, Visiokonferenzen, Wuelbefannen
Next post Previous post