„Boosteren“ ass dʼWuert vum Joer 2021

Op Plaz zwee kommen ex aequo „CovidCheck“ a „sheesh“

De Virus ass komm fir ze bleiwen – och an der Sprooch. Dee Constat kann ee maachen, wann ee sech déi zweet Oplo vun der Aktioun „Wuert vum Joer“ méi genee ukuckt: Grad ewéi zejoert haten nämlech och dës Kéier nees déi allermeescht Propose vun de Leit eppes mat der Corona-Pandemie ze dinn an och de Jury ass net laanscht d’Covid-Vokabele komm.

Boosteren ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2021. Op déi zweet Plaz kommen ex aequo de Begrëff CovidCheck an den Ausdrock sheesh. Dat sinn also dʼTopp dräi vun der zweeter offizieller Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg.

Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

Tëscht dem 29. November an dem 13. Dezember konnt jidderee seng Propos oder seng Propose fir d’Wuert vum Joer 2021 beim Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch areechen – iwwer en online Formulaire. 453 Maile vu 427 verschiddenen E-Mailadresse sinn am Zenter ukomm, mat alles an allem 495 Proposen, dorënner 175 verschidde Begrëffer.

Aus dëser Longlist huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an déi dem Jury virgeluecht. An deem waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, den Interimsprogrammchef vum radio 100,7 Claude Faber, de Responsable éditorial vun RTL.lu Olivier Treinen an dʼDr. Sara Martin vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch.

An engem éischte Walduerchgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mat dësem Resultat:

1. boosteren
2. CovidCheck
3. sheesh
4. Solidaritéit
5. Schwurbler/Schwurblerin

Ganz knapp net op d’Plaz 5 gepackt hunn et „Copytani“ a „Wellebriecher“ (béid Plaz 6), komplettéiert gëtt d’Top Ten vu „cringe“ (8), der Wuertkoppel „impfen“ an „Impfung“ (9) souwéi den Ofkierzungen „3G“ an „2G“ (10).

Mat sengem Vott ass de Jury ganz no bei de Leit bliwwen. Boosteren zesumme mat dem Booster an der Boosterimpfung waren nieft impfen an Impfung (an e sëllegen Zesummesetzungen an Hashtaggen ewéi Impfstoff oder #loossdechimpfen) am heefegste virgeschloe ginn. De Covidiot war iwweregens och nees derbäi, huet et awer genee wéi 2020 net an d’Topp 10 gepackt.

Bei de Proposen hu Covid-Wierder déi ganz grouss Majoritéit ausgemaach – vu Gamechanger an testen iwwer Delta an Omikron bis Antivax an dem rezente Statement #etgeetdéckduer. Theemen, déi näischt mam Virus ze dinn haten, ware rar geséit: Wunnraum, Plagiat, Frëndeskrees a Klimawandel hu just eng Nieweroll gespillt.

DʼArgumentatioun vum Jury

Aus de Propose vun de Leit huet de Jury e Ranking opgestallt. Esou huet e säi Choix motivéiert:

1. Boosteren – dʼWuert vum Joer 2021

„Fréier“ hätt ee vläicht verstäerken oder opfrësche gesot, am Kontext vu Corona gouf sech awer fir boosteren entscheet. Besonnesch a leschter Zäit ass et eent vun den zentralen Theemen an der Pandemie ginn. Well d’Wierkung vun den Impfunge géint de Coronavirus no e puer Méint noléisst, brauchen déi e Push oder e Boost, fir wierksam ze bleiwen: Et muss een also boosten oder boosteren.

Well vun de Leit just boosteren proposéiert gi war, huet de Jury och d’Form mam -er- zeréckbehalen. Boosteren ass iwweregens e schéint Beispill dofir, wéi friem Wierder problemlos an d’Lëtzebuerger Sprooch kënnen integréiert ginn. (Eng integréiert Schreifweis à la buusteren ass fir de Moment iwweregens net virgesinn.) Boosteren an all senge Varianten an Zesummesetzunge war iwweregens no impfen/Impfung am meeschte proposéiert ginn, mee well d’Boosteren d’Impfe viraussetzt, huet de Jury dëst Verb gewielt.

2. CovidCheck

Et ass dee Begrëff, deen den Ament omnipresent ass – op der Aarbecht, an der Fräizäit, am Restaurant … De CovidCheck soll net nëmmen en neie Lockdown verhënneren, et soll et och méiglech maachen, datt ee mat der gréisstméiglecher Sécherheet kann zesummekommen. CovidCheck steet nämlech fir d’Kontroll vu sengem Status, also entweeder 3G (geimpft, geheelt, getest) oder 2G (geimpft, geheelt).

An deem Zesummenhang léisst sech aus dem Wuert och liicht e Verb maachen (covidchecken): Bass de scho gecovidcheckt? A wann een éischter genervt vun där Mesure ass, schwätzt ee vläicht och vu Gecovidchecks. Orthografesch ass de CovidCheck och interessant, well e mat enger Majuscule bannen am Wuert geschriwwe gëtt, ouni Bindestréch. Esou Schreifweise sinn an der offizieller Orthografie (nach) net virgesinn, leien awer (international) am Trend, absënns bei Nimm: MeToo, WhatsApp asw.

2. Sheesh

E bëssen iwwerraschend deelt sech de CovidCheck déi zweet Plaz mat engem Wuert aus der Jugendsprooch. Eng genee Definitioun vu sheesh ass schwéier: D’Wuert kënnt wuel aus der Hip-Hop-Zeen, vun Geez, wat vun Jesus kënnt, awer ouni reliéis Konnotatioun, éischter am Sënn vun: o mäi Gott!

Als Interjektioun dréckt sheesh (et fënnt een och alt Schreifweise mat nach vill méi e-en an der Mëtt) meeschtens Staunen aus, et kann awer och weisen, datt een erféiert, beandrockt oder genervt ass. Dacks soll sheesh awer just eppes verstäerken, eng Ausso oder eng Emotioun. Mat sheesh kann een e Saz ufänken oder ofschléissen, d’Wuert ass also staark kontextofhängeg, wat eng Iwwersetzung schwiereg mécht.

4. Solidaritéit

D’Wuert op der véierter Plaz huet et aus op d’mannst zwee Grënn an d’Topp 5 gepackt: Solidaritéit tëscht Jonk an Al, tëscht Gesond a Krank asw. ass an enger Krisesituatioun besonnesch wichteg. An där ginn oder goufen et 2021 jo zwou: op där enger Säit d’Pandemie, op där anerer Säit d’Héichwaasser am Juli. Solidaritéit war de Maître-mot bei den uergen Iwwerschwemmungen hei am Land an z. B. och hei vir an der Äifel.

5. Schwurbler/Schwurblerin

Si hunn d’Pandemie vun Ufank u begleet: Leit, déi eppes behaapten, erfannen oder noerzielen, ouni sech an der Matière auszekennen, ouni hir Sourcë gepréift ze hunn, ouni Beweiser fir hir Theesen ze liwweren oder ouni sech op Fakten ze stäipen. Op Däitsch schwurbeln, dat den Duden esou erkläert: verschwurbelt reden; Unsinn erzählen.

Wien also mat ganz gelungenen Theorië geschäert kënnt, gëtt an der Tëscht och zu Lëtzebuerg gären als Schwurbler oder Schwurblerin bezeechent. Jee no Aussprooch an Integratioun an d’Lëtzebuerger Sprooch ass iwweregens och eng Schreifweis mat ue denkbar: Schwuerbler/Schwuerblerin.

E Bléck an d’Ausland

Och am Ausland hu Covid-Wierder op en Neits op ville Plazen d’Course gemaach, awer net méi esou konsequent wéi nach zejoert. An Däitschland huet d’Gesellschaft für deutsche Sprache d’Wuert „Wellenbrecher“ priméiert, viru „SolidAHRität“, eng Uspillung op d’Hëllefsaktiounen no den dramateschen Iwwerschwemmungen am Ahr-Dall. An Éisträich gouf d’Wuert „Schattenkanzler“ zum Wuert vum Joer a „Querdenker“ zum Onwuert vum Joer.

D’Schwäiz huet direkt véier Wierder gewielt, eent fir all Sproochregioun: „iel“ (franséisch), „Impfdurchbruch“ (däitsch), „certificato“ (italieenesch) a „respect“ (rätoromanesch). Frankräich wielt keen offiziellt Wuert vum Joer, fir déi englesch Sprooch huet den US-Dictionnaire Merriam-Webster „vaccine“ gewielt, de Cambridge Dictionary huet „perseverance“ nominéiert an de Collins Dictionary war fir „NFT“, d’Ofkierzung fir „non-fungible token“.

Dat éischt offiziellt Wuert vum Joer war 2020 zu Lëtzebuerg vum ZLS zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg gesicht ginn, mat dësem Resultat: „Corona“ viru „#bleiftdoheem“, „Heibleifskärchen“, „Lockdown/Confinement“ a „Geste-barrièren“.

Ënnert all de Leit, déi dëst Joer eng Propos erageschéckt hunn, huet den ZLS dräi Kaddoe verspillt: Jeeweils ee Bong fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun „100 % Lëtzebuerg“ vu Gréiwemaacher an déi 3 éischt Bicher aus der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“: Aläert, jauwen, Zockerboun, DʼPan klaken + dʼSchong voller Féiss a Vun Dréischel bis Kréischel. DʼLous huet entscheet, d’Gewënner goufen ewell kontaktéiert.

Den ZLS a seng Partner radio 100,7 an RTL soe jidderengem Merci, dee sech op déi eng oder aner Manéier un der Sich nom Wuert vum Joer 2021 bedeelegt huet. D’Aktioun soll Enn 2022 widderholl ginn, well d’Sprooch beschreift a schaaft Realitéit.

Matgedeelt vum Educatiounsministère

Dernières nouvelles