Search

You may also like

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!
International Neiegkeeten

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!

Gëschter Mëtteg huet den Transportminister François Bausch, zesumme mat de

EU-Kommissäre besichen de Campus Belval
International Neiegkeeten

EU-Kommissäre besichen de Campus Belval

Wéi d‘Universitéit um Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet, ware

Eng dezentraliséiert Reprise
International Neiegkeeten

Eng dezentraliséiert Reprise

No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi

Wuhan: Ee Lëtzebuerger kënnt zeréck!

Wuhan: Ee Lëtzebuerger kënnt zeréck!

D’Regierung huet gëschter d’Réckféierung vun engem Lëtzebuerger aus der Stad Wuhan bestätegt. Déi concernéiert Persoun wier an engem gudde Gesondheetszoustand, gëtt awer aus Virsiichtsmoossnamen bei der Arrivée isoléiert.

Een éischten medezinesche Bilan beweist, datt keng Infektiounssymptomer vum gefierchteten Coronavirus ze erkenne sinn. Haut wäert de Rapport vum Nationale Service vun den Infektiounskrankheeten am CHL completéiert ginn. Wärend den nächste 14 Deeg, also der maximaler Inkubatiounszäit vum Virus, bleift déi concernéiert Persoun a Quarantaine.

Recommandatioune a weider Informatioune kënnt Dir ënnert www.sante.lu/coronavirus fannen.

Related topics Coronavirus, Isolatioun, Lëtzebuerg, Quarantaine, Regierung, Wuhan
Next post Previous post