Search

You may also like

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten
Neiegkeeten

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten

Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert
Neiegkeeten

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

Beim leschten EU-Sommet vun dësem Joer, hunn sech d‘Staats- a

Et läit nees eppes an der Loft
Neiegkeeten

Et läit nees eppes an der Loft

Bis zur Verbreedung vun der Informatioun, datt als Nofolgerin vun

Wunne mat der Wooltz – En neien nohaltegen Wunnquartier fir 2.000 Residenten

Wunne mat der Wooltz – En neien nohaltegen Wunnquartier fir 2.000 Residenten

Nodeems ee sech iwwer 20 Joer gefrot huet, wat ee mat der Wolzer Industriebrooch ufänke soll, huet de Logementsminister Henri Kox Ufank der Woch freedeg de Projet „Wunne mat der Wooltz“ presentéiert. Op enger Fläch vu 25,5 Hektar wäert en neie Wunnquartier entstoen, dee méi wéi 2.000 Residente Plaz bidde soll. Dobäi soll de Projet no de Prinzipie vun der Nohaltegkeet gebaut ginn, d’Zesummeliewen tëscht de Bewunner duerch participativ Elementer fërderen an d’Liewensqualitéit duerch déi enk Verbindung mat der Natur steigeren.

„’Wunne mat der Wooltz’ ass op méi Hisiichten en exemplarescht an innovatiivt Beispill: Duerch seng Gréisst, déi industriell Vergaangenheet vum Site an d’Ëmorientéierung, wärend h der Liewensqualitéit Bedeitung geschenkt gëtt“, ënnersträicht de Minister Kox.

Wunne mat der Wooltz
D’Industriebrooch zu Wolz (Wunne mat der Wooltz – Pressedossier)

Am Dall tëscht Uewer- an Nidderwolz, um fréieren Industriesite vu „Baumaself“ (Lieu-Dit „Geetz“) wäerten an den nächste 15 Joer ganzer 872 Wunnengen entstoen, dovunner 833 duerch de Fonds du Logement. Ma, si sinn ënnerdeelt a 70% fir eng abordabel Locatioun an 30% fir de subventionéierte Verkaf.

Schonn 9 Joer ass et hir, dass de Fonds du Logement déi éischt Terrainen zu Wolz kritt huet. 2016 ass dunn de Masterplan zum Projet „Wunne mat der Wooltz“ vum Büro HSA agereecht ginn, an zwee Joer drop krut de Fonds déi ministeriell Zoustëmmung fir déi éischt 3 vu 7 PAP’en („Q2 Geetz“, „Q5 Glerwerei“ a „Q7 Nordhang“). Si solle fir déi éischt 401 Wunnenge bilden. Wéi esou oft bei grousse Baupläng, ass eng successive Realisatioun vun de 7 PAP’e virgesinn.

Wunne mat der Wooltz
Wunne mat der Wooltz – Pressedossier

Wat de finanziellen Aspekt betrëfft, esou stellt de Staat fir dës éischt dräi PAP’en 286 Milliounen Euro zur Verfügung. Ee Gesetzesprojet bezitt sech dobäi op d’Entwässerung vun de Biedem, d’Revalorisatioun vum Site an d’Renaturéierung vum Floss (126,5 Milliounen Euro), sou wéi op de Gesetzesprojet zur Erschléissung an der Realisatioun vum Wunnraum (159,5 Milliounen Euro).

Wunne mat der Wooltz
Wunne mat der Wooltz – Pressedossier

Verantwortungsvoll, geselleg an naturno soll et ginn

De Projet „Wunne mat der Wooltz“ bezitt sech op 4 Aspekter, déi d’Zesummeliewen an d’Nohaltegkeet fërdere sollen:

  • D’Solidarwirtschaft: Gemeinschaftlech Beräicher, sou wéi beispillsweis ee Gaart oder ee kooperative Café, sollen déi nei Residente beienee bréngen an esou eng sozial an dynamesch Kohäsioun, en harmonescht Zesummeliewen an den Echange fërderen.
  • En energetescht Konzept: Den neie Wunnquartier gëtt mat engem Fernwärmenetz mat niddreger Temperatur, wéi och Solaranlagen op den Diecher equipéiert. D’Gebaier sollen intelligent gebaut ginn an duerch energetesch Neutralitéit iwwerzeegen.
  • Planung an Architektur: Beim Plange gëtt een Uecht op déi geografesch Situatioun, d’Mobilitéit, energetesch Erausfuerderungen an aktuell Defie vun der Ëmwelt. D’Parkinge wäerten zentral leien, an och ee Bike & Car Sharing System gëtt integréiert, sou dass déi douce Mobilitéit gefërdert gëtt. Duerch d’Renaturéierung vum Floss a weider Upassungen, déi d’Biodiversitéit ënnerstëtzen, soll d’Liewensqualitéit duerch déi enk Verbindung mat der Natur gefërdert ginn.
  • Offallgestioun: E Maximum u Materialien, déi beim Ofrappe vun den ale Gebaier an Infrastrukturen ugefall sinn, gi recuperéiert an nees genotzt. Déi nei Wunngebaier ginn dann esou gebaut, dass an Zukunft d’Materialien – ganz dem Motto vun den 3 R’en (Reuse, reduce, recycle) – iwwert eng Materialiebank opgeholl a fir eng weider Notzung ugebuede kéinte ginn.

An dësem Kader huet de Fonds du Logemeng ee Video zur 3D Maquette vum Projet „Wunne mat der Wooltz“ erstallt:

Opmaacherbild: Wunne mat der Wooltz – Pressedossier

Related topics Bezuelbare Wunnraum, Fonds du Logement, Henri Kox, Industriebrooch, neie Wunnquartier, Nohaltegkeet, Offallgestioun, Presentatioun, Wolz, Wunne mat der Wooltz
Next post Previous post