Search

You may also like

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Hockenheim an den Dylan Pereira, dat passt gutt zesummen. Hei

D‘CGFP setzt d‘Schlichtungsverfare virleefeg aus
Neiegkeeten

D‘CGFP setzt d‘Schlichtungsverfare virleefeg aus

No etleche gescheiterte Versich de Sozialdialog nees opzehuelen, hatt d‘CGFP

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft
Neiegkeeten

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft

Haut de Mëtteg hunn d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima

Wunnen ass ee Mënscherecht!

Absolut Prioritéit fir de Bau vu bezuelbarem Wunnraum

Wunnen ass ee Mënscherecht!

Wunnen ass ee Mënscherecht, mee am kapitalistesche Lëtzebuerg ass d‘Wunneng eng Wuer mat där vill Profit gemaach gëtt. Räicher baue Wunnenge fir Leit mat décke Paien, wärend vill Mënsche mat niddregem Akommes keng bezuelbar Wunneng fannen a Mënsche mat mëttlerem Akommes, déi sech eng Wunneng leeschte wëllen, sech dofir op Joerzéngte verschëlden an sech zudeem staark aschränke mussen.

E grousse Mangel u bezuelbare Wunnengen an vill ze héich Loyeren sinn zwee Problemer, déi ganz ville Mënsche schwéier ze schaffen deet. Fir deem ze begéinen huet déi kommunistesch Partei KPL eng Rei Fuerderungen:

  • de Bau vu 50.000 Wunnengen, duerch ze schafend staatlech a kommunale Baubetriber, déi zu abordabele Präisser solle verlount ginn;
  • d‘Begrenzung vum Loyer beim ëffentleche Wunnraum op 10% vum Akommes vum Locataire;
  • Proprietaire vu Wunnengen, déi méi laang wéi zwee Joer eidel stinn, si mat enger jäerlech steiegender Spekulatiounssteier ze beleeën, woubäi d‘Stied an d‘Gemenge als Alternativ ubidde kënne, d‘Gestioun an d‘Locatioun vun der Wunneng ze iwwerhuelen;
  • d‘Gewärung vun engem gestaffelten Zouschoss fir Locatairen a private Wunnengen, dat gekoppelt un d‘Akommes vum Locataire n der gréisst vun der Wunneng, wat mam Loyer-Zouschoss net realiséiert ass;
  • d‘Schafung vun enger ëffentlecher Baureserv an Aféierung vun enger Spekulatiounssteier op Bauland, déi der tatsächlecher Wäertsteigerung vum Grond/Buedem entsprécht;
  • eng Ofännerung vum Loyersgesetz am Süenn vun enger däitlecher Senkung vum Präis pro Quadratmeter bei Wunnengen, déi virun 1960 gebaut goufen an/oder ënner 100 Quadratmeter Wunnfläch hunn;
  • déi quantitativ Begrenzung vum Besëtz vu Buedem a Wunnenge fir Entreprisen a Privatpersounen, an de generelle Verbuet fir sougenannt Investitiounsfongen, Bauland a Wunnraum zu Spekulatiounszwecker ze kafen;
  • d‘Schafung vu kommunale Wunnengsbauverwaltungen, déi och als Agence fir d‘Vergab an d‘Gestioun vum locative Wunnraum zoustänneg ass;
  • d‘Verallgemengerung vun der Ierfpuecht (bail emphytéotique) an dem System vun der „Kaf-Locatioun“;
  • Erhéijung vun de staatleche Bäihëllefe beim Eegebau vun Eefamilljenhaiser, gekoppelt un d‘Akommes, an beim Bau oder Kaf vun Eegentumswunnengen, déi eng Wunnfläch vun 100 Quadratmeter net iwwerschreiden.

Besser vir derbäi wéi hannendru gelaf

Déi kommunistesch Partei KPL, déi wuel net an der Chamber vertrueden ass, huet sech zesumme mat den déi lénk an der Piratepartei zur Logementskris bekannt an sech den 20 Organisatiounen ugeschloss, déi gëschter déi national Manifestatioun fir en Accès zu abordabelem Wunnraum organiséiert hunn. Dat am Kader vum europäeschen Aktiounsdag fir ee Recht op eng Wunneng.

Bei éischter „sauméissegem“ Wierder haten sech ee puer Honnert Leit gëschter um 15 Auer op der Gar getraff, fir op en Neits „Wunnen“ als ee Mënscherecht ze fuerderen. Wann ee bedenkt dat eleng am leschte Quartal 2020, d‘Präisser um Wunnengsmaart nach emol ëm +16% zougeluecht hunn, ass et verwonnerlech, datt nach ëmmer friddlech demonstréiert an den Dialog gesicht gëtt.

Wunnen© Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL)

Politesch dierft et awer schwiereg sinn, Beweegung an dës Fuerderungen ze bréngen. Wa scho mindestens zwee Regierungsmembere selwer eng Immobilienagence hunn an och ënnert den Deputéierten „Groussgrondbesëtzer“ vertruede sinn, déi alles wéi just keen Interessi dorunner hunn, sech dësem Geldseegen ze verweigeren, wäert et mat friddlechem Demonstréieren net duer goen.

Vertrauen an de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) oder d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP), déi d‘lescht Woch den Artikel 29Bis fir dat modifizéiert Gesetz vum 29. Juli 2004 – nodeems d‘Avise virleien – proposéiert hunn, huet et kaum an och dat aus guddem Grond. Wien a sengen eegene Mauere sëtzt, entwéckelt net wierklech Versteesdemech fir d‘Locatairen…

Foto: © Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL)

Related topics Europäeschen Aktiounsdag fir de Logement, Logementskris, Manifestatioun, mieterschutz.lu, Wunnen ass ee Mënscherecht
Next post Previous post