Search

You may also like

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren
Neiegkeeten

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?
Neiegkeeten

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?

Et geet dem Planéit wierklech net gutt an déi Pandemie

Editorial: De Xavier an de Rechtsstaat
Neiegkeeten

Editorial: De Xavier an de Rechtsstaat

Zu Bréissel hu sech gëschter d‘Staats- a Regierungscheffen drop gëeenegt,

Wunnengsbauministère kritt bal 9 Millioune Subventiounen zréck

Wunnengsbauministère kritt bal 9 Millioune Subventiounen zréck

En Haus bauen ass hautdesdaags keng bëlleg Ugeleeënheet, an dofir gëtt et staatlech Mechanismen, déi engem zum „Gléck an den eegene véier Wänn“ verhëllefe kënnen. Fir 2017 waren esou ronn 40 Milliounen accordéiert ginn: als Kapitalzouschoss, Zënsentlaaschtung oder Loyerssubventioun.

An de Ministère freet sech dann och all Joers op e neits, datt et Remboursementer gëtt, mat deenen d‘Keess nees opgefëllt ka ginn. 2017 waren dat 8,7 Milliounen déi esou zréck an d‘Staatskeess gespullt gi sinn. Dat sinn 1,5 Milliounen Euro méi wéi nach 2016, mee eng hallef Millioun manner wéi 2015. De System „lénks Täsch, riets Täsch“ schéngt sech op enger stabiller Lafbunn ze halen.

Kuckt een sech dat ganzt iwwert den Zäitraum tëscht 1989 an 2017 un, esou sinn am ganzen 169,5 Milliounen Euro zréckbezuelt ginn. Suen déi d‘Beneficiairen entweder guer net sollten erhalen, oder ze vill kritt hunn. Woubäi ze bemierken ass, datt déi ganz grouss Majoritéit vun de Leit, déi eng finanziell Ënnerstëtzung ugefrot hunn, datt ouni Hannergedanke maachen.

Et läit villméi un der Baisse vum Zëns, enger Verännerung vun der Familljesituatioun, oder u soss engem Changement, deen sech op d‘Kritären auswierkt, déi eng nei Berechnung vum subventionéierte Montant néideg maachen. Hei gëtt also kee „Schmu“ gemaach, an et hätt och keen interessi de Staat bei „esou liicht novollzéibarem“ ze beducksen.

Wat elo d‘Zomme betrëfft déi un d‘Staatskeess zeréckbezuelt ginn, esou ass e groussen Deel dat wat een en einfache Remboursement bezeechent. Geld déi Leit zréck ginn, well si hir Wunneng bannent dem Delai vun 10 Joer verkaf oder Verlount hunn. Dat bezitt sech och op Leit, déi eng nei Hëllef ugefrot, an dofir déi al zréckginn hunn. Esou d‘Erklärung vum Ministère.

Related topics Logement, Subventiounen, Wunnengsbauministère
Next post Previous post