Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Fridays For Future: Wann de Klimastreik aus der Vakanz erwächt
International Neiegkeeten

Fridays For Future: Wann de Klimastreik aus der Vakanz erwächt

Um vergaangene Freideg hu weltwäit Groussdemonstratiounen fir méi Klimagerechtegkeet an

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin
International Neiegkeeten

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin

De Juri Gagarin ass zënter 60 Joer an eise Käpp

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken

Bei senger Visitt a China huet eise Premierminister Xavier Bettel den 28. Mäerz un der Erëffnungszeremonie vun der traditioneller Konferenz vum Forum vu Boao fir Asien, déi zu Henan organiséiert ginn ass, deelgeholl. Dëst Joer stoung d’Evenement ënnert dem Thema „Shared Future, Concerted Action, Common Development“.

Bei sengem Gespréich huet de Lëtzebuerger Minister d’Wichtegkeet vun der Verstäerkung vun der Bezéiung tëscht Asien an Europa ervir gehuewen. „D’Strategie vun der europäescher Unioun, déi d’Verbindung tëscht Europa an Asien unstrieft, déi op de Prinzipie vun der Realiséierung um finanziellen, ëmwelttechneschen a sozialen Niveau, sou wéi der Stabilitéit an der nohalteger Entwécklung berout, gëtt eis de Kader an dem mir no Synergien tëscht den europäeschen an asiatesche Länner siche kënnen“, sou de Xavier Bettel.

Donieft ënnersträicht hien, datt de Forum eng ideal Austauschplattform bitt, wou ee mat engem oppene Geescht an enger gudder Kooperatioun, Dialoger an gemeinsame Responsabilitéiten ee vun dem anere léiere kann.

Beim Treffe mam Premierminister vun der Republik Korea, dem Lee Nak-yon hunn déi zwee Staatscheffen sech ëm déi bilateral Dossiere gekëmmert, sou wéi d’Evolutioun an hire Bezéiunge säit dem Xavier Bettel senger leschter Korea-Visitt am Juli 2018. „Eng laang Frendschaft verbënnt déi koreanesch a Lëtzebuerger Populatioun, säit fräiwëlleg Lëtzebuerger am Koreakrich fir d’Fräiheet vum koreanesche Vollek gekämpft hunn“, sou de Lëtzebuerger Premierminister.

Zesumme mat sengem laoteschen Homolog Thongloun Sisoulith huet de Minister Bettel dunn iwwert d’Bezéiung tëscht dem Grand-Duché a Laos diskutéiert. Dobäi huet hien ervir gehuewen, datt d’Opmaache vun enger Lëtzebuerger Ambassade zu Laos d’Verbindung tëscht den zwee Länner stäerke wäert. Den Aktuelle Programm fir d’Period vun 2016 bis 2020 gesäit Investissementer vun 75 Milliounen Euro fir, fir esou géint d’Aarmut am Land unzekämpfen.

De Forum huet et dem Xavier Bettel weiderhin erméiglecht, fir déi verschidden asiatesch ekonomesch Entscheeder ze treffen, wouduerch hien eist Land ervir hiewe konnt.

Related topics Asien, Forum de Boao, Henan, Lee Nak-yon, Thongloun Sisoulith, Xavier Bettel
Next post Previous post