Search

You may also like

Ab an d’Fräiheet: Wann een Gangster verkleet aus dem Bing flüchte wëll
Neiegkeeten

Ab an d’Fräiheet: Wann een Gangster verkleet aus dem Bing flüchte wëll

Dësem a Brasilien Gefaangene seng Iddi war esou simpel, wéi

NATO warnt viru „gieler Gefor“
Neiegkeeten

NATO warnt viru „gieler Gefor“

Datt den „Opstig“ vu China zu engem fundamentale Wandel vun

Dauerhaft Léisunge fir e gutt fonctionnéierende Staat
Neiegkeeten

Dauerhaft Léisunge fir e gutt fonctionnéierende Staat

D‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten ass eng vun de jéngsten Errongenschaften,

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet

Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun der Kommunikatioun an de Medien, den Här Xavier Bettel d’Press am Stater Geschichtsmusée empfaangen. Um traditionellen Neijoerschpatt huet de Conseil de Presse seng Kritiken, sou wéi Fortschrëtter an der Politik geäussert, wouropper eise Premier uschléissend agaangen ass.

Mat esou engem groussen Undrang hätt wuel kee gerechent, woubäi een awer soe muss, datt wahrscheinlech net all uwiesend Persoun vun der Press ass. Fir unzefänken huet d’Madamm Ines Kurschat, Presidentin vum Conseil de Presse, d’Kollegen a Kolleginnen, natierlech och den Här Staats- a Medieminister häerzlech begréisst.

Wat d’Medien an d’Press ugeet steet Lëtzebuerg relativ gutt do. D’Presidentin betount, datt d’Aarbecht vun de Medieleit mat grousse Gefore verbonnen ass, wat een unhand vun de physeschen Attacke, jo souguer Morden u Journaliste weltwäit gesäit. Och duerch bewosst Falschnoriichten gëtt d’Pressefräiheet ëmmer méi ënner Drock gesat.

Och eist Lëtzebuerger Land kennt d’Problemer vu Meenungs- a Pressefräiheet, vu Whistleblowing an de schwéieren a problematesche Wee, fir u vertrauenswierdeg Informatiounen ze kommen. De Conseil begréisst et, datt d’Ausriichtung, d’Gouvernance de juristesche Statut an d’Finanzéierungsweis vun den ëffentleche Medien iwwerduecht soll ginn. An awer kritiséiere si, datt dëst mat vill Zäit verbonnen ass a sech och op de Presserot, d’Journalistevereenegung, Experten an d’Zivilgesellschaft bezéie muss.

„Doten zielen, net Wierder“

D’Transparenzgesetz bei staatlechen Dokumenter ass an der Entwécklung vun der Regierung ee positiven Aspekt. Trotzdeem bleift den Zougank zu den Donnéeën zimlech kleng, wat duerch laang Äntwertfristen a restriktiv Definitiounen ze verantworten ass. Dës weidere geet d’Presidentin op déi dräi Haaptpunkte vun der Reform an:

  1. Et musse generell genuch Moyene bereet gestallt ginn, fir datt d’Medien op feste Been stinn. D’Erweiderung vun der Pressehëllef op Online-Medie begréissen si staark. Trotzdeem muss dofir gesuergt ginn, datt d’Medien, fir eng qualitativ gutt Aarbecht ze leeschten, sech net esou just iwwer Waasser gehale kréien.
  2. De Conseil bedauert, datt d’Distributioun vun der Pressehëllef nëmmen zu engem Drëttel aus Medieleit besteet. D’Majoritéit vun de Vertrieder sinn vun der Regierung.
  3. Medien musse vu gudder Qualitéit sinn. Dës Bewäertung mëscht awer leider déi grad genannte Kommissioun, déi majoritär aus Regierungsvertrieder besteet. Si decidéieren ob ee Medium finanziell ënnerstëtzt soll ginn a gräifen domadder an d’Pressefräiheet an.

No 13 Joer Fuerderungen ouni Resultat a Reaktiounen halen sech d’Reaktiounen op déi grouss Wierder vun der Regierung a Grenzen. D’Lëtzebuerger Medie solle qualitativ Noriichte liwweren, hunn awer keen eegenen Informatiounszougang am Pressegesetz. De Manktem u Ressourcë steet hei dem grousse Verlaangen no aktuellen Informatiounen, am beschten nach gratis, vun de KonsumentInnen géigeniwwer – ee grousse Problem an de Medien, den an Zukunft behuewe soll ginn.

Generell fuerdert de Conseil de Presse een eegent Auskonftsrecht, eng Verbesserung vun der Pressehellëf fir esou d’Medievillfalt ofzesécheren, Diskussiounen zum ëffentlech-rechtlechen Optrag an d’Verbesserung vum Whistleblowerschutz an d’Medienerzéiung.

Nodeems alle Kollegen a Kolleginnen ee gutt an erfollegräicht Joer gewënscht ginn ass, war et schliisslech un der Rei vum Premierminister Xavier Bettel, fir op dës Punkten anzegoen.

Fir eise Staats- a Medieminister ass et déi 6. Kéier, datt hien beim Neijoerschpatt vun der Press kann dobäi sinn. An der ganzer Zäit gouf et leider wéineg Ännerungen. Fir d’Ried philosophesch unzefänken, ass hien op den Manktem un Zäit agaangen – Zäit vir iwwert eis als Mënsch an eis Funktioun nozedenken.

A senger wichteger Roll gëtt hien zou, datt d’Vertrauensverhältnes zum Publique ee wichtegen Aspekt ass, souwuel fir hien, wéi och fir d’Medienleit. Och engem Premier geléngt dat awer net ëmmer esou richteg, wouzou hien awer steet.

D’Diversitéit erhalen a stäerken

Weiderhin ënnersträicht de Staats- a Medieminister, datt hie staark un d’Medie gleeft. Dofir wëll hien sech och an Zukunft fir déi néideg Moyenen, fir gutt Qualitéit ze garantéieren, a setzen. Dobäi preziséiert hien, datt et säit 2018 ee legalen a méi einfachen Accès op Informatioune gëtt, sou beispillsweis iwwert www.guichet.lu.

D’Joer ass nach jonk, an awer ass scho vill geschitt. An de vergaangenen 9 Deeg sinn zu Lëtzebuerg 150 Kanner op d’Welt komm, déi, sou de Premierminister, an engem komplett anere Land opwuessen. An de leschte Joren huet de Grand-Duché séier a radikal Entwécklungen erlieft, déi awer och net ëmmer positiv sinn.

Lëtzebuerg zitt net nëmme Migranten un, mee och déi domadder verbonnen Homophobie. Et ass souwuel der Regierung, wéi och de Medien hir Aufgab, géint dëse Problem virzegoen an Opmierksamkeet ze erreechen.

Déi fräi Press ass een Zeeche vun Demokratie, wat de Staats- a Medieminister net nëmmen duerch seng aktiv Bedeelegung an der Demokratescher Partei ënnerstëtzt. „D’Kommissioun dierf net nëmmen een Hond sinn den billt, mee net bäisst“, sou de Xavier Bettel. Als Ofschloss huet och hien ee schéint neit Joer gewënscht.

An elo?

Generell muss ee soen, datt de Conseil de Presse kloer Kritike geliwwert a Fuerderungen opgestallt huet. Vum Här Bettel senger Säit koum et – trotz der laanger Ried – am grousse Ganzen eriwwer, wéi „Jo ech weess. Mir kucken da wat mir maachen“. Et kann een also domadder rechnen, datt d’Diskussioune just lues wäerte viru goen, wann iwwerhaapt.

D’Medie sinn an der haiteger Gesellschaft, déi immens schnell viru geet, een enorm wichtegt Mëttel fir informéiert ze bleiwen, an ze wëssen, wat um aneren Enn vun der Welt passéiert. An awer si mir als Vertrieder duerch de schwéieren Informatiounszougang un eiser Aarbecht gehënnert, wat sech net nëmmen op eise Beruff, mee och op d’KonsumentInnen auswierkt.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) de Staats- a Medieminister, Xavier Bettel; d’Presidentin vum Conseil de Presse, d’Ines Kurschat; de Generalsekretär, de Roger Infalt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Conseil de Presse, Ines Kurschat, MNHA, Neijoerschpatt, Pressefräiheet, Xavier Bettel
Next post Previous post