Search

You may also like

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!
Neiegkeeten

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer organiséiert en

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS Hunnegbéier

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Déi 14. Editioun vum CinEast steet virun der Dier
Neiegkeeten

Déi 14. Editioun vum CinEast steet virun der Dier

D‘Frënn vun der grousser Leinwand kënnen sech op den Oktober

No véier Deeg Hospitalisatioun: De Premierminister dierf d’Spidol verloossen

No véier Deeg Hospitalisatioun: De Premierminister dierf d’Spidol verloossen

De Staatsministère deelt mat, datt sech den Zoustand vum Premierminister Xavier Bettel däitlech verbessert huet an hien no véier Deeg Traitement den CHL verloossen dierf. Fir de Rescht vun der Woch wäert hien sech isoléieren an op den Teletravail zeréckgräifen.

Nodeems de 27. Juni souwuel e Schnelltest, wéi och de PCR-Test positiv ausgefall sinn, huet de Xavier Bettel sech an Isolatioun beginn. Scheinbar hate sech seng Symptomer (liichte Féiwer a Kappwéi) gesteigert an hien ass fir weider Ënnersichungen an d’Spidol gaangen, wou hie wärend 4 Deeg observéiert ginn ass.

An dësem Kader seet de Premier dem CHL-Personal Merci fir d’Prise en Charge an déi professionell Aarbecht. Säi vollste Respekt geet generell u jiddereen aus dem Gesondheets- a Fleegeberäich, dee sech zënter dem Ufank vun der Pandemie fir eiser aller Wuel asetzt.

Opmaacherbild: Chambre des Députés / Flickr

Related topics CHL, Covid-19, Entloossung, Hospitalisatioun, positiv, Spidol, Teletravail, Xavier Bettel
Next post Previous post