Search

You may also like

China: Eemol Mound… hin an zréck
Neiegkeeten

China: Eemol Mound… hin an zréck

Viru wéinege Wochen hunn d‘Chinese d‘Moundsond „Chang‘e“ op den Äerdtrabant

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken
Neiegkeeten

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken

Bei eisen Noperen huet déi belsch Entreprise „I‘ll be bag“

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin
Neiegkeeten

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa d’Representante vum Luxembourg City

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg

D’Start-Up Xtramile, déi technologesch Léisungen ubitt, gouf 2015 (zu Metz) vum Xavier Ragage an dem Stéphanie Nenta gegrënnt an zanter kuerzem ass de Microsoft Al Factory Programm dran integréiert. Hiren Haaptsëtz ass d’Station F – e Campus vu Start-Ups – zu Paräis. Elo léisst d’Entreprise sech och zu Lëtzebuerg néier.

Xtramile wëll seng Entwécklung beschleunegen. An dat, andeems si sech un der digitaler Transformatioun vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg bedeelegen. Dobäi gëtt natierlech d’Besonneschkeet vun der Groussregioun berécksiichtegt.

Duerch de Feedback vu Clienten huet Xtramile innovativ Tools entwéckelt, déi den Alldag vun de Responsabele fir d’Rekrutéierung méi einfach maachen. Esou soll een de Leeschtungsufuerderunge gerecht ginn.

Zu de Clienten vun der Start-up gehéieren ënnert anerem déi national Agence fir professionell Formatioun vun Eruwessenen (AFPA), d’Groussregion Ost, d’Unioun vun den Industrien a Beruffer an der Metallurgie (UIMM), d’Entreprise Endel. Och weiderhi wëll Xtramile wuessen an weider Clienten unzéien an iwwerzeegen. Zu hire Partner gehéieren iwwregens BPI France, Finovam, Microsoft an Orange.

D’Start-Up huet sech dozou entscheet, eng zolidd Basis ze schafenan dat, andeems si un der Complementaritéit vun hiren digitalen Innovatioune schaffen. Dozou gehéiert Analyse, Matching, programmatesch an analytesch Verbreedung. Dës Entwécklung huet mat der grousser Ufro fir d’Digitaliséierung vu RECRUITEMENT-Prozesser ze dinn.

Xtramile ass e Start-up mat staarke Wäerter: Transparenz, Diversitéit, Innovatioun an Agilitéit. Duerch Fäegkeeten an dat Tëschemënschlecht hu si u Leeschtung an Kompetitivitéit gewonnen.

2021 gëtt een opreegend Joer: Xtramile huet zënter dem Januar all kommerziell Partnerschaften erneiert. Den Teletravail an d’Fernrekrutéieren ënnerstëtzen dës Dynamik. Ausserdeem hunn si ee Kontrakt fir hier lescht technologesch Innovatioune gewonnen, déi am Dezember 2020 lancéiert goufen.

Am Joer 2021 soll Xtramile 1.2Millioune € Ëmsaz a Frankräich a 500.000 € Ëmsaz zu Lëtzebuerg erreechen.

An dësem Kader ginn nach Mataarbechter gesicht. Villäicht ass eppes fir Iech dobäi?

Related topics Start-up, Station F, Stéphanie Nenta, technologesch Léisungen, Xavier Ragage, Xtramile
Next post Previous post